Header
Valentine's News
(14.02.2012 - 17:56)
Rouse si rout,
Veilche si blo,
De Gloda schafft och haut
An d'News sinn lo do.
(Gutt dass ech Fotograf an net Dichter sinn, heh?)

Software
Nikon huet ViewNX 2.3.0 eraus bruecht. An Camera Control Pro 2.10. An d'Wireless Transmitter Utility 1.3. An Capture NX 2.3.0. Déi sinn nawell fläisseg do.

Canon huet och eppes neies bruecht, déi Kéier fir OSX User: EOS Utility 2.10.4 fir 10.6.8-10.7.

DxO Optics Pro ass bei der Versioun 7.2 ukomm. Nei Kameraen ginn ënnerstëtzt an et kann een Donnéen vun der Versioun 6 importéieren.

Phase One Media Pro ass elo bei der Versioun 1.2.

Vu Corel gëtt et eng nei RAW Entwécklungssoftware: AfterShot Pro. Si hate jo Bibble Labs opkaf. Mac, Linux a Windows. 99$.

Vun Oloneo gëtt et eng nei HDR Software. Se heescht HDRengine. Tone Mapping an HDR Erstellung ginn domat nach méi einfach, fir dass nach méi Leit hei op PG hir Fotoen verschandele kënnen.

Lightroom ass bei der Versioun 3.6 ukomm. An... psst... Lightroom 4 Beta ass do. Vill Spaass :)

Hardware
Aus eiser Serie vun Objektiver mat Nimm déi kee Mënsch ausschwätze kann, haut: Tokina AT-X 116 PRO DX II. Dëst 11-16 f/2.8 Objektiv krut par rapport zu sengem Virgänger e Silent Drive Modul, an domat Autofokus op allen Nikon Apparater. Donieft nach e puer optësch Verbesserungen. Nikon Versioun ab Abrëll, Canon ab August. Nach kee Wuert zum Präis.

Tamron stellt en Vollformat 24-70 2.8 Objektiv fir (Di VC USD). Mä si soten nach näischt doriwwer wéini et kënnt a wat et kascht. Sou geet et natierlech och. U sech wir et awer flott ze wësse wat de Präispunk ass, well:

Canon ersetzt ee vun hiren populärsten Objektiver. Ab elo kritt een den 24-70 2.8L II. Virgänger: 1275€. Neie Modell ab Abrëll fir 2299€. o0 D'Objektiv krut en neien optëschen Design a gouf mat Swarowski Diamante besat. (Anescht kann ech mer de Präis net erklären.) Hei e Verglach vun den 2 Versiounen: http://www.canonrumors.com/2012/02/canon-ef-24-70-...

Vu Canon kommen och 2 nei Objektiver mat fixer Brennwäit. Zum engen den 24 2.8 IS USM an zum aneren den 28mm 2.8 IS USM. Ech kennen hei d'Präisser nach net.

Lensbaby stellt den Edge 80 Optic fir. Domat kann een eng Rei vun hiren existéierenden Objektiver an en Tilt Objektiv verwandelen. 80mm, 300$. "Hä?" Guckst du hier.

Sigma huet decidéiert dass 6400$ fir d'SD1 vläit awer eng Grëtz zevill war. Den apparat kascht elo nëmmen nach 3300$ an heescht dann SD1 Merrill.

Vu Sigma kënnt dann och en neit Macro Objektiv. Den APO Macro 180mm F2.8 EX DG OS HSM. Op der CES zu Las Vegas haten se souguer en Prototyp dobäi. Mä deen hunn se während der Show "verluer". Ups.

Canon huet Beispillbiller vun der 1D-X verëffentlecht. http://web.canon.jp/imaging/eosd/samples/eos1dx/

DataColor verkeeft elo d'Versioun 4 vun hirem Spyder Bildschirmkalibréierungsamoossscannerspannentruc. 26% méi präzis wéi den 3. 119$ fir d'Express Versioun, 249$ fir d'Elite Versioun.

via: nikonrumors.com, gizmodo.com, dpreview.com, canonrumors.com
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Metalbambi 14.02.2012 - 20:33
Bei Lr 4beta huet sech haaptsächlech am Grondastellungs-Dialog den ganzen Buttek vir d'Beliichtung verännert. Mengem Gefill no manner Reegler vir eng méi präzis Stéierung. Och gëtt et lo een Auto-Anti-CA-Button, deen ech nach net probéieren konnt, awer mengen ech onofhängeg vun den Objektiv-Profiler schafft (glécklecherweis, well där ginn et jo nach ëmmer bal keng vir Sony... angry ).
Soss hunn ech lo nach net vill festgestallt, mee hunn och réischt 4-5 Fotoen derduerch gezunn.
gtaddei1 14.02.2012 - 20:56
Hdr verschandelen...na ja e bessi beiss an viruteelhaftesch!
Swarowsi ... Mecht keng diamanten ! Et sinn brillanten ...
De rescht ass ok.
Canon ... Ass villeicht e bessi deier, mee weifill ass dan de nikon 24-70?
Hallo
smile
TomEwert 29.02.2012 - 12:33
och wann et haart klengt, huet den gloda guer net esou onrecht. et gin einfach zevill schlecht hdr hei um site. et geet emmer manner drems eng anstaenneg beliichtung ze maan ... aus scheisse gold machen seet den daitschen bigsmile
gtaddei1 29.02.2012 - 14:53
Aus scheiss gold maachen... Wann saat gelénkt dann ass et jo fir reich ze ginn!
Oft ass nemmen hdt meiglech fir eng gudd expo ze hun um
Endprodukt, soss geifen dei meescht fotoapparaten daat jo net offreiren.
En plus ass eng true tone hdr wesentlech mei schweier hin ze kreien ewei eng schlecht expo foto!
De problem ass net hdt jo oder nee, mee d qualiteit vum
Message duerch d foto! La belle image ok, mee et get mei ewei daat!
An daat ass rare! Schued!
E bessi mei waer net schlecht!
Emmerhin, schlecht hdr sin net mei schlecht ewei schlecht normal fotoen!
gloda 29.02.2012 - 15:27
Meng Remarque war net géint HDR geriicht, mä géint Programmer déi et mat engem Klick automatesch maachen, mam Resultat dass den Ufänger sech ni wierklech mat dem Konzept HDR ausernee setzt.
gtaddei1 29.02.2012 - 15:30
Dann haat ech daat falsch verstaanen ... Sorry...
Automatesch? Nu jee ... dei Novicen am HDR missten daat villeicht eng Keier daat gesoot kreien!
Also et ass net vir neischt dass D'LeierKurv vum TTHDR relativ lang ass ... do muss én genau wessen waat Iwerbelichtung, Hue, SW LEier, Kontrast, Plangoofdélung, asw asw ass...
E Einfachen Kuer geet net duer... ewei an allem ... ODer?
TomEwert 29.02.2012 - 18:48
ech dir dir recht dass z.b. eng duebelbeliichtung ganz interessant ass fir z.b. den himmel en bessen ofzedonklen. mais wann eng photo en bemol aus 10 beliichtungen besteet dann geet fir mech den flair vum 'schreiwen mat luucht' verluer.

sin awer vielleicht och en onverbesserlechen purist...mais ech muss dir annererseits och recht gin gtaddei1, wann en hdr wierklech gudd gemeet get, dann huet daat eppes; mais daat gelengt leider nemmen wéineg leit...
gtaddei1 01.03.2012 - 01:32
Jo , et muss eben geleiert gin, mengen ech... Esou ewei eng gudd iwerbeliichten oder ennerbeliichten foto....
Et get 1scht divisioun, eierepromotioun asw... An daat och an der foto.
Stell dir vir mir wieren all shantideva an der hdr, oder du , motiv, asw asw an pardon fir dei dei ech net ziteieren.
Tolleranz....
An souwisou, mir sinn an enger konsumwelt, den interet zu enger foto, mantel oder och schong, daueren 2 deeg...
TomEwert 02.03.2012 - 14:43
so sees du eppes ganz richteges ... vill photos verschwannen en bemol an den datenmengen vun onseren festplatten. just déi beschten, wann iwerhaapt, packen et bei mir op d'toile ... waat un sech schued ass.

toleranz ass sws emmer gudd, ass jo mengen ech sws just eng affaire de goût. daat eenzescht wou ech dann heiansdo en bessen den kapp reselen, ass wann ech photos gesin wou den hdr (imho) einfach keen senn mecht. verstees du waat ech mengen?
gtaddei1 03.03.2012 - 13:14
Jo daat verstinn ech
Awer eng ganz flott diskussioun