Header
Nikon D4
(15.01.2012 - 22:26)
Dir sidd all vill ze vill léif mat mir. Ech kréien iwwert eng Woch laang net mat dass d'Nikon D4 annoncéiert gouf an dir sidd all ze héiflech fir iech ze beschwéieren dass nach keng News driwwer komm sinn. Mat Verspéidung dann hei e puer Infos iwwert dat neit Flaggschëff vu Nikon, déi se als Multimedia DSLR bezeechnen.
-16MP
-10fps (oder 24fps wann ee mat 2.5MP schafft. Mä da schellt dono d'Police well d'Noperen eng Mitraillette héieren hunn.)
-Ethernet Uschloss
-91,000 Pixel Mooss-Sensor. Deen erkennt och Gesiichter. Dir kënnt jo an de Kommentaren schreiwen ob der dat nëtzlech fannt.
-verbesserten AF Sensor (méi liichtempfindlech)
-ISO bis 204,800. Ech muss ëmmer zweemol kucken ob ech mech net an den Nulle geiert hunn.
-méi Knäppercher! (Ech hu mer soe gelooss d'Canon 5DMkIII kritt eng Querz Tastatur.)
-beliicht Knäppercher. Cool! Op d'mannst fir déi Zäit wou een Knäppercher nach net auswenneg kennt an am Däischtere schaffe muss.
-XQD Späicherkaarten. D'D4 ass den éischten Apparat deen dës nei Kaarten ënnerstëtzt. Déi éischt si vu Sony an se sinn séier, z.B. kann een 100 RAW Biller "en rafale" fotograféieren an se kënnt nach no. 1Gbps. Fräck.
-CF Kaarten hëllt se awer och nach.
-1080p30 HD Video bis 24Mbps onkompriméiert.
-Boitier eleng: 6000$ ab Februar. Also wann an der Gemeng Käerjeng jiddereen 50 Cent bäileet kënne mer eis eng fir d'ganz Gemeng kafen. Ech géif se och versuergen.

Gläichzäiteg huet Nikon nach e puer Saachen annoncéiert.
-Eng vu Grond op nei designt Versioun vum AF-S Nikkor 85mm f/1.8G gët et mat der D4 zesummen als Kit oder eenzel ab Mäerz fir 499$.
-Den Nikon WT-5 Wireless Transmitter schéckt är Fotoen ouni Kabel op e Computer wéi een et scho vun der Virgängerversioune kennt.

Et kann een se bei Amazon virbestellen. Äh, nee. Pardon. Dat konnt een. Während zwou Stonnen. Du war se ausverkaf.

via:
dpreview.com
nikonrumors.com
chasejarvis.com
gizmodo.com
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
BlackPanther 15.01.2012 - 22:51
Buia!! bigsmile

ech kennen een den sech schon gefroot huet wou deng News bleiwen ;)

super beschriwwen, ech perseinlech freen mech op dei QWERTZ tastatur!

fannen daat mat den beliichtenen Knäppercher flott, foren mech wisou daat nach keen virdrun ausgegruewen huet...et muss een wuel oppassen dass een net zevill mateneen update xD


an dei Kaartengeschicht haalen ech am Aan...as baal wei nozekuken wou BlueRay an HD-DVD rauskomm sin.... will it survive? cool



MERCI GLODA! smile
gtaddei1 16.01.2012 - 02:30
Mooss sensor... Nun haalen mer op... Daat misst zesureiert gin!
5 cents ... Nee et ass ze fill fir mech.
Ech spaassen natiirlech, an waarden op de 1D x smile
Focus 16.01.2012 - 07:27
Elinchrome a Multiblitz Seten ze verkaafen. Mat der D4 brauch een keng Luucht mei! Fréën mech opt Deppen. Ech hoffen das och den Sensorwischer verbessert as! Verkaafen; wann et sou weit as 2 D3s, wäll den Präis as iwwerdriwwen héig!
ToPo 16.01.2012 - 20:55
Merci fir d'Info, och ann se e bësschen mat Verspéidung koum. Si koum jo virum Apparat.. closed_eye

Mol kucken, waat ännert... ISO 100 als Start ass tip top, neien Akku an aner Kaarten ass, nët esou gudd...!

Fennec 16.01.2012 - 21:46
Super, ech sin begeeschtert, verkaafen meng 1D Mk2 fresch vum CPS check zreck,
da laueren ech op 1Dx.
TomEwert 17.01.2012 - 10:53
*sabber*