Header
Mir wënschen Iech schéi Feierdeeg
(23.12.2011 - 15:48)
Lo si se erëm do, d'Feierdeeg zum Enn vum Joer. Mir wënschen Iech alleguer dass Dir dës Deeg vill Freed hutt, an déi Objektiver an Apparater geschenkt kritt déi dir wollt :). An natierlech och e gudde Rutsch an d'Joer 2012, wou mer op vill nei flott Fotoen gespaant sinn.

Denkt un eise Concours, fir deen muer Deadline ass: http://www.photogen.lu/?page=contest_index
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
jekyll 23.12.2011 - 15:54
Merci. Och all den Leit vu Photogen an all den Fotografen vill Inspiratioun an Gleck am neie Joër.
Jekyll
Zora 23.12.2011 - 15:57
Merci, wenschen dem ganzem Team vun PG schein Feierdeegsmile
pitchul 23.12.2011 - 15:59
Merci, un iech och
Luc_69 23.12.2011 - 16:05
Merci och un Ierch Allerguerten.

- Luc -
amaschou 23.12.2011 - 17:35
Ebenfalls alles guddes der ganzer community an der équipe vun photogen.
ClaudeR 23.12.2011 - 17:40
merci gleichfalls an allen eng gudd Gesondheet

Claude
jorsch 23.12.2011 - 18:52
Schéi Feierdeeg un d'ganz Equipe vu PG.

Merci och fir d'Aarbecht, déi d'ganzt Joer mat der Betreiung vum Site verbonnen ass!
crici 23.12.2011 - 18:59
Schein Feierdeeg an en gudden rutsch an d Neit joer wenschen ech iech all bigsmile
Gibbes 23.12.2011 - 19:04
Schein an besennlech Chreschtdeeg, an een gudden Rutsch an Joer 2012 fir Ierch an aer Famill
marker 23.12.2011 - 19:52
Merci beaucoup, an der ganzer Equipe vun PG daat selwecht gewënscht, a weiderhin ''gutt Liicht'' am neie Joer closed_eye

mbG Marc
BerBe 23.12.2011 - 20:15
Merci gleichfalls smile
Maimonides 23.12.2011 - 21:29
Merci der équipe vu PG
an all deenen 3000 aaneren: schéin Feierdeeg !!
Kilroy 23.12.2011 - 21:49
Merci gleichfalls bigsmile
An eng gudd Gesondheet fir Ierch all.
Raymond82 23.12.2011 - 22:05
merci gleichfalls an och schein Feierdeeg un die ganz photogen Member
gunman 23.12.2011 - 22:54
MERCI fier déi gutt Wensch an déi vill Arbecht hei um Site, an och alles Guddes fier Iech an är Famill am Joer 2012
rivende 23.12.2011 - 23:23
Danke, ich wünsche Euch auch allen liebe ruhige Festtage und einen guten Rutsch ins Neue Jahr...... smile
NikonD80 24.12.2011 - 09:25
Merci an dat selwecht och fir all hei um PG,
ech wënschen Iech ee gutt Liicht closed_eye
jps 24.12.2011 - 10:11
Merci un d'ganz Equipe fir hir Arbecht
an alle PG'ler schéi Chrëschtdeeg an e glécklecht neit Joër
aladin 24.12.2011 - 10:42
Merci glaichfalls
Miisamm 24.12.2011 - 14:25
Villmols merci Gläichfalls
Jeanny 24.12.2011 - 15:30
Villmools Merci, wënschen och der ganzer Equipe schei Feierdeeg, an e gudde Rutsch an dat neit Joer
LG Jeanny
Digital-Art 24.12.2011 - 16:15
Merci, an och dem Team vun Photgen/Photoshoot alles Guddes
Johny 24.12.2011 - 23:54
Am Numm vu Photogen soen ech iech och alleguer Merci smile
Dynax 25.12.2011 - 13:19
Merci un Team vun Photogen an all Respekt fir hir gud Aarbecht. Dem Team an all Member wenschen ech flott Feierdeeg an en gudde Rutsch.
exphil 26.12.2011 - 10:58
Merci, wënschen och der ganzer Equipe schéin Feierdeeg.
suraki 27.12.2011 - 18:01
un d'ganz Equipe en decke Merci fir déi super Arbescht
dann awer och nach e gutt Enn vum Joer an e schéint Néit gewënscht ! smile
mischii 28.12.2011 - 10:33
en décke Merci un d'ganzt Team vu PG fir är Aarbecht,
Iech an och alle Memberen alles Gudds fir dat neit Joer
ToPo 28.12.2011 - 11:09
Merci gläichfalls!

Merci fir aeren Asaatz a fuert weider esou...!