Header
Kleesechersnews
(04.12.2011 - 14:25)
Wat huet sech a leschter Zäit an der Fotografie a Saachen Hardware a Software gedoen? Ech ginn iech eng kuerz Iwwersiicht falls der muer nach eppes wëllt op är Lëscht fir de Kleesche schreiwen.

Sigma wärt eng onstabiliséiert Versioun vum 17-50mm 2.8 EX DC HSM fir Sony a Pentax eraus bréngen. Déi meescht Fotoapparater an deem Format hunn nämlech mëttlerweil agebaute Bildstabilisatioun. Ab dem 9. Dezember kritt der also fir de selwechte Präis en Objektiv wat eppes manner huet. Yeah!

Nikon huet den SB-900 Blëtz duerch den SB-910 (550$ RRP) ersat. Vill huet sech net geännert. Den Display ass e bëssen anescht, ee Knäppchen huet gewiesselt an d'Iwwerhëtzungswarnung ass méi nëtzlech ginn. Et sinn elo och haart Filter dobäi fir d'Faarftemperatur ze wiesselen. Also sou zimlech dat selwecht wéi virdrun, just 55$ méi deier. Mä hey, neie Knäppchen a sou.

Nikon huet e puer Nikkor 1 Zoom Objektiver en Firmware Update offréiert. Betraff sinn folgend Modeller: 10-30 3.5-5.6, 30-100 3.8-5.6, 10-100 4.5-5.6.

Nikon huet fir Windows 7 a Windows Vista den Nikon NEF Codec op d'Versioun 1.12 aktualiséiert. De Codec gëtt benotzt fir am Windows Explorer Thumbnails unzeweisen.

Nikon huet d'Versioun 2.2.3 vum ViewNX eraus bruecht. Et goufen e puer Bugs eraus geholl.

Canon huet d'Cinema EOS C300 virgestallt. Et ass eng Filmkamera mat der EOS Montur. Den Präis war fir d'éischt bei 20000$ ugesat ginn mä ech mengen en ass schonn no ënne revidéiert ginn. Fir d'Fotografen ënnert eis ass dat net sonnerlech interessant mä vill Indie-Regisseuren wäerte sech freeën eng erschwénglech Kamera déi gutt an der Däischtert a mat (ë.a.) EOS Objektiver funktionéiert benotzen ze kënnen.

Vu Samyang kritt een geschwënn eng nei Versioun vum AE 8mm 3.5 Aspherical IF MC Fisheye CS Objektiv fir Nikon. Déi nei Versioun huet e Microprozessor a kascht 325€.

DxO Labs huet Optics Pro 7 eraus bruecht. Säit enger knapper Woch ass de Programm deen e gudd Stéck méi séier wéi d'Versioun 6 soll sinn ze kréien. Wann der d'Versioun 6 no dem 1. September kaf hutt ass den Update gratis.
Weider gëtt et vun DxO Labs den FilmPack 3.1, e Programm mat deem ee verschidden Zorten vun Analogfilm kann imitéieren. (Präisser bis Chrëschtdag: 49$ fir Essential, 99$ fir Expert.)

Vun Carl Zeiss gëtt et en neien Distagon T* 2/25 fir Canon an Nikon. D'Objektiv huet manuelle Fokus a kascht ronn 1400€.

Lytro huet hir éischt Kamera virgestallt. Vum Format hir gesäit se aus wéi e Rechteck aus engem Baukasten gekräizt mat engem Lëppestëft. Zur Erënnerung, dat hei ass déi éischt kommerziell Light Field Camera. E Modell dee Plaz fir 350 Fotoen huet kascht 400$. Ze kréien ab Ufank 2012.

Canon huet d'Firmware Versioun 2.1.1 fir d'5DMkII verëffentlecht deen e Bug mam Continuous Shooting soll behiewen.

Apple huet Digital Camera RAW à jour gesat. Mat der Versioun 3.9 ënnerstëtzen Aperture 3 an iPhoto '11 e puer Fotoapparater méi.

Vun Adobe gëtt et d'Release Candidates fir den Lightroom 3.6 an Adobe Camera RAW 6.6. Ween sech net gedëllege wëll bis se offiziell fäerdeg sinn kann se also schonn vun Adobe eroflueden. Et ginn e puer nei Fotoapparater ënnerstëtzt.

ArcSoft huet Perfect365 eraus bruecht. Mat dem gratis Programm kann ee mat engem Klick Biller manipuléieren. Perfekt vir déi Leit déi sech keng Gedanken iwwert hir Biller wëlle maachen. (Fir déi kënnt d'iPhone App och no. An d'Facebook App.)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Charel_L 04.12.2011 - 20:44
Suweit ech wees huet Nikon (ongewollt?) och puer Detailer iwwert eng nei D800 preisginn, dei d'700 ofleisen soll. 36MP, besseren ISO, mee selwechten Autofocus-mechanismus wei d'D700 (&D300s).
gloda 04.12.2011 - 21:43
Jo, déi Donnéeën halen sech säit engem Mount mä wéinst den Iwwerschwemmungen an Thailand gouf et vill Délai'en.
Johny 05.12.2011 - 13:53
Tiptop Zesummefaassung, Merci dofir smile
CHAREL 05.12.2011 - 16:11
Mengsde bei Firmware Update fier Canon net den 2.1.1? Well iwert een 2.2.1 fannen ech neicht. Oder ech sichen falsch smile
gloda 05.12.2011 - 17:19
Merci, ech hunn dat verbessert.
Focus 06.12.2011 - 09:44
Super Iwwerblék. THX a lot
gogo 07.12.2011 - 02:22
Merci Gloda,
wi emmer flott Lektüre an interessant,
emmer rem eng Freed vun dir ze liesen.