Header
Canon EOS 1D X
(18.10.2011 - 09:33)
Canon huet de moien hiert neit Flaggschëff firgestallt: D'Canon EOS 1D X. Den X steet fir déi 10. Generatioun vun EOS Kameraen. D'1D X ersetzt d'1Ds an d'1D Serie. Déi zwou Linnen goufen heimat verschmollt.

Den Sensor
Den Sensor huet mat 18MP eng méi kleng Opléisung wéi d'1Ds MkIII. Dofir huet en awer déi gréissten Pixel aus der Canon Gamme: 6.95 micron pro Pixel sinn der 1.25 méi wéi op der 1D MkIV. (Méi grouss Pixel sammele méi Luucht an schaafen domat manner Bildrauschen.) D'Liichtsensibilitéit gouf em zwou Blende verbessert. Nativ geet den ISO bis 51'200. Mä dat kann een nach op ISO 204'800 eropschrauwen. (Wann der wéi ech mëttlerweil den Iwwerbléck verluer hutt: dat sinn 11 Blende méi wéi ISO 100.)

Prozessoren
Nach ee Grond virwat mer mat manner Rausche rechne kënnen: d'1D X huet en Dual Digic 5+ Prozessor, deen 17x mol esou séier ass wéi den Digic 4 vun 2008. Sou huet den Apparat dann keng Problemer fir 12 RAW Fotoen (oder 14 JPEG) an der Sekonn ze verschaffen.

Autofokus & Miesser
Iwwregens huet Canon nach een weideren Digic4 Prozessor agebaut just fir den Autofokus System eleng! Den AF System huet 61 Punkten, dovun sinn der 5 diagonal Kräizpunkten fir Blenden bis 2.8. Baussen sinn och nach eemol 20 vun de Punkten vum Kräiztyp. Den Liichtmiesser huet eng Matrix vun 252 Zonen déi en plus dem Tracking System hëllefen fir Motiver déi sech Bewegen nët aus dem Fokus ze verléieren.

Video
1080/24, 1080/30, 720/60 kenne mer schonn vun der 7D. Nei ass dass wann d'4GB Limit vun engem h.264 Fichier erreescht sinn d'Kamera elo automatesch en neien uleet amplaz d'Filmen ze ënnerbriechen. D'maximal Dauer vun engem Clip gouf och op 29 Minutten erop gesat.

D'Gehais
Dual CF Kaarte Slots fir UDMA-7 Vitesse, e Rideau aus Karbon-Fiber (fir 400'000 Ausléisungen), en neit 'Jogwheel' am Styl vum iPod, en Sucher mat 100% Ofdeckung an 0.76x Vergréisserung an (mer kennen et schonn vun der 7D) Gittermuster an Waasserwo. D'Knäppecher kruten en neie Layout deen se an Playback an Astellungen trennt. Dat Baussecht aus Magnesium-Alloy mécht d'Kamera Waasserfest, d'selwecht wéi bei den Virgänger. Se hunn och nach en Uschloss fir en LAN Kabel dran gebaut. WiFi an GPS ginn just iwwer Zousatzmodulen.

D'Präisser déi ech bis elo gelies hunn waren 6800$ an 7000$, den Datum wier März 2012.

(via Gizmodo, CanonRumors)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 18.10.2011 - 09:35
_MiAmI_ 18.10.2011 - 11:41
Eiiii wann di Preiser net wieren closed_eye
Ech perseinlech wees net wei et bei iech all as, mee fannen dass daat filmen mat sou enger Cam net muss sin!
- Wann daat net dran wier, wier se dann na vleit mei erschwenglsch !?
- Oder et misst een sou Cams mat an ouni filmen unbidden !?

MAt deenen villen Chips dei dran verbaut sin, seet da Cam geschwoun weiste ze knipsen hues closed_eye

Werd mir daat awa mol am Detail unkucken.
gloda 18.10.2011 - 13:39
Den Feature vum Filmen ewech ze huelen mécht den Apparat net wierklech méi bëlleg. Soss géif s de dat och net an all Point & Shoot déi neierdéngs op de Marché kënnt fannen.
Wat Canon awer gemaach huet fir den Präis ze halen ass déi Limit vun Video Fichieren vun 29 Minutten an 59 Sekonnen. Wieren et 30 Minutten misst Canon an Europa eng aner Zort Steieren op den Apparat bezuelen an den Präis géing 30% an d'Luucht.
_MiAmI_ 18.10.2011 - 16:26
Ahhh....ok.
Bis Maerz kann een sech jo dann bessen money ob Sait leen closed_eye
Mathjac 18.10.2011 - 13:40
Tjo, wann een mol grad e Riesenkoup Suen ze vill hätt, wier et bestemmt eng schein Kamera!
Ma sou begnügen ech mech mol mat menger trusty EOS 600D. Dei mecht den Job och.
arwa 18.10.2011 - 14:48
et voilà
lo as se och bei canon closed_eye

gi87 18.10.2011 - 16:59
Bis März 2012 asset jo nach e steck, schon gespannt den Apparilo do ze testen , wei gud Rauschverhalen deskeier wert sen .. smile An wat kreien ma dann elo iwerhapt nach vum 5D mark III gebeuden auser heicher Opleisung nees ??
Metalbambi 18.10.2011 - 17:53
Wisou sinn ech nëmmen en aarmen Student??? :'(
VeloBen 18.10.2011 - 19:02
Huet jo wuhel kaum een en aneren Praiss am Haut de Gamme erwaart.

Fannen ech OK par rapport zur Konkurrenz an et ass jo och Profimaterial.
arwa 21.10.2011 - 22:06
@ gi87
wann eng nei 5D, dann einfach den AF vun der 7D a gudd as smile
(fir mëch allefalls)
Ray 23.10.2011 - 19:38
Mol kuken heiert sech gudd un closed_eye ech mengen daat geet meng next closed_eye