Header
iNews
(17.10.2011 - 18:08)
Lytro
Am Juni huet Lytro eng nei Zort vu Kamera annoncéiert mat där een kann nodréileg um Computer den Point de Vue an den fokusséierte Beräich astellen. Dat ganzt klappt doduerch dass fir all Foto en "light field" (Liichtfeld) opgeholl gëtt. D'Firma ass elo dobäi dem Apparat lescht Schlëff ze ginn an mat den Liwweranten an Hiersteller ze schaffen. Hei ass en klengen Artikel iwwer d'Reaktiounen vun 2 Fotografen déi mam Protoyp geschafft hunn: www.petapixel.com/2011/10/13/lytro-beta-testers-ca...

Adobe
Et gëtt knapps een Newspost wou mër laanscht dës Ekipp kommen! Hir neiste Kreatioun heescht Photoshop Touch an ass kënnt geschwënn (November?) fir Android Tablets eraus. Eng iOS Versioun soll no kommen. Fir 10$ kënnt der mat der App relativ einfach Arbeschten un enger Foto virhuelen. Ëmmerhinn ënnerstëtzt se awer Layers / Ebenen!. Donieft ginn et Effekter an Funktiounen fir d'Biller online mat aneren ze deelen. Et kommen nach 5 aner Apps déi zesummen an eng Serie gehéieren: Collage, Debut, Ideas, Kuler a Proto.
Och fir Mac a PC gëtt et neies: D'Versioun 3.5 vum Lightroom an 6.5 vum Adobe Camera Raw (ACR) sinn ab elo disponibel.

Apple
Vu baussen gesäit den iPhone 4S net vill anescht aus, mä et huet sech e bëssen eppes gedoen un der Kamera mat deer eng sëllechen Apps fir iOS schaffen. Den 4S huet en 8MP CMOS Sensor (backlit). Engadget seet dass deen par rapport zum Virgänger 73% méi liichtempfindlech ass. Déi aner wichteg Zuel ass déi hei: 30% méi Schärft: d'Objektiv huet eng fix Blend vun 2.4 a besteet aus 5 Elementer. Weider gouf d'Zäit déi d'Kamera fir ze starte brauch op 1.1 Sekonne reduzéiert, all Foto dono brauch eng hallef Sekonn Paus. Video hëlt en och op: 1080/30p.
Firwat zielen ech iech hei eppes iwwer d'Kamera vun engem Handy? Et bréngt eis als Fotocommunity näischt verpönt op den Apparat ze reagéieren, ëmmerhinn ass den iPhone 4 déi verbreetsten Kamera op Flickr, nach virun D90 an 5DMKII. https://secure.flickr.com/cameras/. Bei Gizmodo hunn se sech e puer vun den Beispillfotoen déi Apple erausginn huet ugekuckt: http://gizmodo.com/5846871/holy-hell-the-pictures-...
Niewebäi huet Apple och Aperture op d'Versioun 3.2 aktualiséiert. Wichtegst Neierung: d'Zesummespill mat iCloud an iOS5. (Sou, elo hunn ech awer oft genuch en i virun e Wuert gesat fir haut.)

Sigma
D'18-200 f/3.5-6.3 DC OS HSM krut en Nofolger. D'Versioun II krut FLD Glas an en verbesserten Design: et ass méi schlank an aus 13 goufe 14 Lënsgruppen. Benotzer vu Canon, Nikon, Sigma, Pentax a Sony Kameraen kënnen d'Objektiv fir 720$ kréien.

Sony
Fir d'SLT A77 an A65 gëtt et nei Firmware. Domat sollen ë.a. d'Knäppecher besser goen. Top.

MIT
Wëssenschaftler um Massachusetts Institute of Technology hunn erausfonnt dass Graphen (eng een Atom déck Schicht Carbon) op Liicht reagéiert. Dee Moment gëtt Stroum produzéiert. An der Fotografie kéint dat iergendwann praktesch ginn, well Graphen op méi ee breede Spektrum vu Luucht reagéiert wéi déi Materialien déi traditionell verschafft ginn.

Iwwregens rechent d'Gerüchtekichen ganz geschwënn mat neie Spigelreflex Kameraen vu Canon (muer) an Nikon (26. Oktober). Mir halen iech natierlech um Lafenden.

(via Petapixel, Gizmodo, CanonRumors, NikonRumors, DPReview)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
VeloBen 18.10.2011 - 18:58
Iphone 4S rulez ! bigsmile