Header
Hard- a Software News September
(02.10.2011 - 14:54)
Den leschten Update ass nach net lang hier, mä ech wëll iech net virenthalen wat de Rescht vum Mount geschitt ass.

Adobe huet Lightroom 3.5 an Camera Raw 6.6 eraus bruecht. Domat ginn d'RAW Formater vun 15 neien Apparater ënnerstëtzt. Update iwwer adobe.com.

Dobäi kënnt, nach eemol vun Adobe, d'Versioun 10 vum Photoshop Elements. An dëser Versioun gëtt et ënnert anerem 'Guided Edits'. Dir kënnt iech dat virstellen, wéi en Tutorial deen direkt an de Programm agebaut ass an dem User hëlleft Techniken ze léieren. E puer Tools goufen och iwwerschafft.

Dat war et och schonn. Lo profitéiert vum schéine Wieder a gitt Fotoe maachen :)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen