Header
Nikon 1
(21.09.2011 - 11:29)
Nikon sinn grad esou schlecht doranner nei Produkter geheim ze halen wéi se gutt dran sinn Fotosmaterial hier ze stellen.
Wat d'Gerüchtekichen schonn laang wosst ass dann ab haut offiziell: Nikon huet eng nei Gamme (Nikon 1) mat wiesselbaren Objektiver an ouni Spigel annoncéiert.
Zum engen hu mer do d'V1, mat Magnesium Alloy Gehais an engem EVF (Electronic Viewfinder) mat 1.4M Bildpunkten. Et kann een Video mat 1080/60 schéissen. Den neien Sensor am "CX" Format ass een Zoll grouss. Dat bidd also en 2.7fache Crop am verglach zum Vollformat. Den Sensor ass also e gutt Stéck méi kleng wéi deen vu vergläichbaren Modeller vun aneren Marken. Am Kit mam 10-30mm Objektiv ass d'V1 fir 900$ ze kréien ab dem 20. Oktober. Iwwregens: D'V1 ass déi bis elo klengst a liichtsten spigellos EVF Kamera.
Nikon huet gläichzäiteg en zweeten Modell no dem selwechten Prinzip virgestallt. D'J1 ass méi kleng a méi bëlleg (650$ mam Kit Objektiv). Den hei Apparat kënnt och den 20. Oktober an d'Geschäfter.

Ouni Objektiver bréngt engem deen neien Format natierlech näischt. Den 10-30mm f/3.5-5.6 hunn ech ewell ernimmt. Op Vollformat wier dat en equivalent vun 27-81, also en Standard Zoom. Dobäi kënnt den VR 30-110mm f/3-8-5.6 (81-297mm equiv.) mat deem der den Panther oder de Bier oder d'Kou (dat nächst Summerlach kënnt bestëmmt) méi no erun huele kënnt. Dat drëtt Objektiv ass en 10mm f/2.8 (27mm equicv.) fix. Méi spéit eréischt kënnt en Nikkor VR 10-100mm f/4.5-5.6 (27-270 equiv) 'Power Zoom' Objektiv. Ech sinn net sécher wat Power Zoom heescht, mä et kléngt ewéi eppes wat ech op en elektresche Vëlo géif installéieren. Zoom de Bierg erop!
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
BlackPanther 21.09.2011 - 12:51
bigsmile

ech mengen dTechnik as mat dem klengen Kreemschen do schon nees een Schrett nohannen gaang (an Richtung Konsumgesellschaft, dei net mei vill vun aalen Werter wei gudd optecht Glas oder een heischwertegen Sensor) leet....

interessant presenteiert...MERCI Gloda!
dr_kim_veis 21.09.2011 - 14:04
sin net averstaanen: ech benotzen vill meng rangefinder eben grad well se kleng an liicht as an awer fantastescht glas huet. An villen faell as et souguer mei einfach fier super lensen ze bauen well duerch dei mei gereng distanz zum support d'mechanik fier d'lens wesentlech vereinfacht gett.
BlackPanther 21.09.2011 - 15:32
hm jop, ech kennen selwer dResultater vun den Olympus PEN Kameraen an muss soen, se sen wierklech GUDD! closed_eye

waat ech awer wollt soen ass, dass se domat een Marché opmaachen den op eischter op "Konsumenten" wei op "Fotografen" ziehlt...am Moment rennt een dem aneren an der Entwecklung hannendrun an et get VILL Energie an Suen an dei dooten Apparater gestach. Allerdings wärt domat nie een Profi seng Fotoen maachen.......denken ECH mol... smile

gloda 21.09.2011 - 16:15
Déi Technologien wou sech an den klengen Apparater bewären fannen oft hire Wee an déi méi deier Modeller.
Jaycee 22.09.2011 - 09:22
Ganz richteg, an dovun oofgesin kéinten Firmen wéi Canon, Nikon, Olympus, Sony... vun de "Fotografen" alleng nët iwerliëwen, de Botter fiir op d'Brout kënnt vun de "Konsumenten" closed_eye
gogo 22.09.2011 - 21:21
Flott, interessant an wi emmer informativ a spretzeg präsentéiert.
Merci
VeloBen 25.09.2011 - 11:23
Wierklech kompakt ass déi Nikon 1 nun och nees net.

Dann bleiwen ech bei menger Canon S95 wann ech een Apparat an der Boxentaech mat well huelen.
Fier déi "aner" Fotoen huelen ech meng DSLR.