Header
Photogen iwwerhëllt photoshoot.lu
(04.08.2011 - 14:52)
Photoshoot.lu ass e Forum deen fir all d'Leit ass rondrem d'Portraits Fotoen d.h. fotografen, Models, Visagisten asw. Déi aktuell Administratoren hunn awer leider décidéiert de Forum net méi wëllen weider ze halen an hunn de Forum dofir fräi ginn fir dass een aneren en kann iwwerhuelen. Vu dass mir net wollten dass dëse Forum ganz verschwënnt, iwwerhëllt Photogen dësen elo, d.h. an den nächsten Deeg gëtt de Forum geplënnert op de selwechte Server wéi Photogen, an dann ginn d'Leit am Team gewiesselt an mir probéieren dat dann weider ze féieren.

De Plang ass fir um Ufank de Forum esou weider lafen ze loossen, an et mat der Zäit méi ze integréieren mat spezifeschen neien Funktiounen am Site vu Photogen.

Vu dass aus dem aktuellen Team nëmmen een weider dra bleift, kéinten mir nach e bëssen Ënnerstëtzung gebrauchen wat d'Moderatioun vun dem Forum ugeet. Wann Leit interesséiert sinn dodrunn, mellt Iech w.e.g. op info@photogen.lu

Dat neit Team gesäit bis elo esou aus dass de Marc Marchal (mmphotos) an de Johny d'Haapt Moderatioun wärte maachen mat Ënnerstëtzung vum Yves Gilbertz (DiGGi) an Christian De Carolis.

Mir hoffen deene Leit vu photoshoot an och eise Clubmemberen heimat nach méi kënnen ze bidden an, dass mer all zesummen nach vill weider Spaß wärten hunn beim Fotoen maachen :)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Digital-Art 04.08.2011 - 15:05
Daat ass eng Gudd Saach. Sinn zenter Joeren User am Photoshoot.lu (esouguer ir ech hei Member gin sinn) a fannen et gudd dass dee Forum net verschwënd well en an deer Form eemoleg op Nationalem Niveau ass.
Ech verstinn awer dass daat secher vill Zousätzlech Arbecht matbrengt an wees den Asaatz vun den Responsabelen ze schätzen.
Stef76 04.08.2011 - 17:17
Gudd Initiativ !!!
Fennec 05.08.2011 - 11:20
daat fannen ech eng gudd Initiativ, hoffen dat belieft den photoshoot nees, an et kennt zu engem neien Opschwong
DiGGi-Team 05.08.2011 - 18:20
Johny, kanns du viellaicht bei mir an Klammeren DiGGi setzen, well op Photoshoot kënnen se mëch all nëmmen ënnert DiGGi closed_eye
Johny 05.08.2011 - 18:23
Done smile
DiGGi-Team 05.08.2011 - 18:24
merci gesoot smile
suraki 07.08.2011 - 11:09
dat schéngt jo eng gutt Saach ze sinn, ... an erëm vill Aarbecht méi.
TomEwert 07.08.2011 - 17:04
fannen ech och gudd dass den forum mol rem en bessen reckewand kritt. wor wierklech eng gudd idee photographen an models zsmzebrengen. leider huet den forum an denen leschten joeren emmer mei un reiz verluer gehaat.

get secherlech eng interessant symbiose tescht pg and pshoot.
Vince_M 17.08.2011 - 13:03
COOL !!! good news closed_eye