Header
Photogen Studio nach net prett
(13.07.2011 - 14:08)
Leider ass de Studio vu Photogen ëmmer nach net fäerdeg an soumat och net erëm prett fir Fotoen do kënnen ze maachen. Obwuel eis um Ufank versprach gouf et géif am Mee gemaach ginn, war dat net méiglech an am Moment läit et nach e bëssen um Pabeierkrom fir dass et gemaach gëtt. Mir probéieren awer derhannert ze bleiwen (d.h. hannert der Gemeng an der Firma déi et herno wäert maachen) fir dass et virun geet.

Mir deelen iech all dat hei mat well mer regelméisseg Ufroen kréien wéini de Studio erëm zur Verfügung steet, mä leider kënne mer dat am Moment nach net esou genee soen. Esou bal mir méi Detailer hunn zu engem Datum, wäerte mer dat natierlech um Site och mat verëffentlechen!

An Tëschenzäit kënnt dir jo dobäussen och schéi Fotoen maachen (viraus gesat d' Wieder gëtt besser wéi lo dës Woch :))
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
m-otiv 13.07.2011 - 19:05
Weini steet den Studio dann erem zur Verfügung? ... smile
Johny 14.07.2011 - 00:25
Vu dass e souwisou just fir Clubmemberen ass ... closed_eye
Jeanny 14.07.2011 - 07:15
da waarde mir nach a lafen de Pimpampele no smile
maach dir eng Lescht wien der Rei no ugefrot huet, net dass et hanneno; die Ersten werden die Letzte sein, oder iergend wéie steet sou eppes an der Bibel smile
Johny 14.07.2011 - 09:22
Nogefrot gëtt am Moment jo just weini en rem zur VerFügung steet, soubal en dann prett ass kënnt den ale System erëm mam online buchen, dee Chaos kënnt also guer net fir smile
Jeanny 14.07.2011 - 14:01
merci Johny
TomEwert 14.07.2011 - 12:36
mir waarden ongedelleg smile
also ech op jidden fall mol smile

bleiwt um ball smile)
Fennec 14.07.2011 - 13:46
Tjo dei Gemengen mat all den Prozeduren, daat kann jo nach ee Moment daueren.
yannicon 11.08.2011 - 11:52
Et sin gleich Wahlen... normalerweis beschleunegen sech d'Prozeduren dann op magesch Art a Weis...
TomEwert 06.09.2011 - 15:34
wéi ass dann den aktuellen stand der dinge?
Johny 06.09.2011 - 15:38
Am Moment probéiere mer un déi Responsabel ze komme bei der Gemeng (Läscht Woch nach am Congé gewiecht) an duerno wësse mer méi. Do schéngt awer vill lass ze sinn well keen hieft op respektiv et ass besat. Kucke mer mol...