Header
Technik an Software News vum Juni
(01.07.2011 - 15:21)
Hardware
-D'Sigma Makroobjektiv 105mm f/2.8 EX DG OS HSM soll ab elo disponibel sinn. Fir 1400$ kann een domatt Makroen bei enger Vergéisserung vun 1:1 maachen.
-Kenko an Tokina hunn fusionnéiert an en neit Objektiv ugekënnegt. Den Tokina SD 17-35mm f/4 AT-X PRO FX huet SD Glas, rouegen Autofokus. Vum Präis gouf nach näischt gesot.
-Lytro, eng nei Firma, huet eng Kamera annoncéiert mat deer een d'Fotoen nodréiglech um Computer fokusséieren kann an déi och Ännerungen un der Perspektiv zouléisst. D'Iddi gouf hei am Forum diskutéiert: http://www.photogen.lu/forum/thread.php?goto=lastp....
-Canon huet den EF 55-250mm f/4-5.6 IS II virgestallt. D'Objektiv soll ab Juli ze kréie sinn.

Software & Firmware
-Canon huet d'Firmware fir d'50D op d'Versioun 1.0.8 aktualiséiert.
-Pentax huet d'Firmware vun den Kameraen K-r, K-5 an 645D op d'Versioun 1.01 aktualiséiert.
-E puer Kameraen vun Sony kruten iwwert en Firmware Update nei Features: d'NEX-3, NEX-5, SLT A33 an SLT A55 profitéieren dovun.
-DxO Labs huet FilmPack3 erausbruecht. Domat sollen Amateuren vum Analogfilm deem d'Charekteristiken vun 60 beléiftenen Schwarzwäissfilmer um Computer simuléieren kënnen. DxO Labs huet och den Programm Optics Pro op d'Versioun 6.6 aktualiséiert.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen