Neien Aktivéirungssystem mat Riichtlinnen
(26.06.2011 - 01:46)
Vun elo un ass en neien Aktivéirungssystem aktiv, hei erklären ech en eng Kéier komplett:
- Et gi Riichtlinnen déi all user beim Upload och gewise kritt. Gëtt eng Foto net ugeholl, muss et eng vun dëse Riichtlinnen sinn déi net passt.
- De User kritt per System Noriicht matgedeelt wann seng Foto aktivéiert ginn ass, an wann se net ugeholl ginn ass kritt en an dëser Noriicht matdgeelt wéieng Riichtlinnen net gepasst hunn, esou wéi och méiglech Verbesserungsvirschléi
- Et geet net méi duer dass ee vun den Responsablen eng Foto unhëllt oder net, mä et ginn op manst 2 Stëmmen gebraucht.
Dëst verlängert d'Zäit zwar en bëssen déi elo eng Foto brauch bis se aktivéiert gouf, allerdéngs ass et d'Resultat vun konstruktiven Diskussiounen mat Verbesserungsvirschléi wéi mer se vun User kritt hunn.
Mir hoffen dass mer heimat de Leit besser hëllefen mam System kloër ze kommen, an mer hoffen et méi fair gemaach ze hunn.
Wann Kritiken oder Froen sinn, kënnt der déi natierlech gäeren hei schreiwen.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
gtaddei1
26.06.2011 - 09:10
Richtlinnen... ?
Eng foto op richtlinnen? Firwaat daat Wuerd? Daat Wuert ass dach Horrent!
Richtlinnen... Mmmh nenene en aanert Wuerd weg.
Eng foto op richtlinnen? Firwaat daat Wuerd? Daat Wuert ass dach Horrent!
Richtlinnen... Mmmh nenene en aanert Wuerd weg.
Johny
26.06.2011 - 12:34
Et ass jo net dass mer soen all Foto muss nom gëllene Schnatt kadréiert sinn, mä d'Basis fir dass se emol an d'Galerie passt. Respektiv, schlo e bessert Wuert fir wanns de dat net gutt fënns
gtaddei1
26.06.2011 - 13:33
Ech hunn net onbedingt eng alternatv.
Dann misst een d richtlinnen diskuteieren oder publizeieren.
Z. B .
Waat ass eng schlecht Hdr
Waat ass eng gudd Makro
Waat ass eng flou foto
Wien oder no waat get eng interessant street foto decideiert.
All Froen dei opkommen werden.
Den effort d qualiteit ze promouveieren ass nemmen wellkomm.
Eng alternativ waer eng galerie vun selektionneierte fotoen, vun den experten, matt kommentar!
Daat keint eng motivatioun brengen an erklaerungen dei doubai geifen stoen, d qualiteit vun der foto explizeieren.
Ech wees dass et keng ideal solutioun get.
Alternativ zu richtlinnen!!?
Keng ahnung!! Ginn et zou!

26.06.2011 - 13:47
D' Riichtlinnen si publizéiert, wanns de d' Foto eroplueds gesäis de se. Dat ass jo de Sënn, dass se public och sinn, dass de User weess mat wat en ze dinn huet.
Et gouf genuch Diskussiounen iwwert dat ganzt am Forum, et konnt jiddereen Deel huelen, dat do ass lo d'Resultat vun all deene Virschléi déi d'Leit selwer bruecht hunn an mir mat hinnen ausgeschafft hunn.

26.06.2011 - 18:43
Meng intentioun ass jo net ze maulen! just nemmen ze verstoen!
Ech hun dee forum net gesinn an net mattkritt.
Awer ech ginn dem Charel jo och recht.
Mir probeieren an dann gesinn mir weider.
Ech war an sinn desem site nach emmer trai gewiecht an waerd et och bleiwen.
Sinn dobai

26.06.2011 - 19:05
Ech hu jo net gesot dass de wëlls maulen, verstéi mech net falsch. Ech sot just dass dat elo d'Resultat ass aus villen esou Diskussiounen mat extrem ville Variatiounen vu Virschléi, anescht gesot dass et kee Wärt huet elo direkt erëm mat esou Diskussiounen unzefänken
gtaddei1
26.06.2011 - 19:31
Keng angscht, hunn dech schon verstaanen. Ech sinn normaalerweis net iwersensible, wann et esou wier jeint ech net gudd meng aarbescht maachen.
Oke mat allem an hun schlussendlech verstaanen dass et eng gebuert no 9 meint schwangersvhaft war. Probeiren mir elo de klenfen opzezeien
Oke mat allem an hun schlussendlech verstaanen dass et eng gebuert no 9 meint schwangersvhaft war. Probeiren mir elo de klenfen opzezeien
Maimonides
26.06.2011 - 17:26
Richtlinnen si Kritären, an déi sinn elo mol definéiert. Och wann ech nach keen 1 gesinn hunn géif ech soen: komm mir probéieren et. Duerno kenne mir nach ëmmer maulen. Ech fannen dat do awer gutt, an d adg sinn mindestens mol gedeelt.
Johny
26.06.2011 - 18:31
Ech hu jo geschriwwen wou se stinn. Et war jo de Sënn dovun dass se siichtbar sinn, also ass et och de Fall
Pixelman
03.07.2011 - 16:00
Ech denken genau wéi Du, RICHTLINIEN.... Daat huet vier mech e batteren Nogeschmaach, vier mech ass daat en Hohn so eppes ze maachen an e Schratt zeréck, wéi bei der Iechternacher Sprangprozession, an aaneren Wieder et get nach méi gesifft, menger Ménung no ass de Johny sech am gaangen an eng Saackgaas ze manövréieren mat esou Methoden. Hei get en Dél Kultur manifestement zenséiert.
Johny
03.07.2011 - 17:44
Ech hunn et schonn gesot, an kann et net oft genuch betounen: Dat do ass d'Resultat vun dem wat d'Leit (eis User!) am Forum virgeschlo hunn an mir zesumme mat hinnen ausgeschafft hunn. Do ass et also absolut net ubruecht mech alleng ze beschëllegen fir eng perséinlech Meenung vun dir. Mir hunn vill a laang diskutéiert fir op eng Eenegung ze kommen, ganz dem demokrateschem Prinzip no.
PS: Bass du der hei bewosst dass esou Kommentarer nemmen destruktiv sinn, grad dat wat jidfereen ëmmer an iwwerall wëll vermeiden?
PS: Bass du der hei bewosst dass esou Kommentarer nemmen destruktiv sinn, grad dat wat jidfereen ëmmer an iwwerall wëll vermeiden?
Nagarjuna
26.06.2011 - 09:24
Dann wäerten jo elo hoffentlech manner Diskussiounen am Forum entstoen... Cool!
pitchul
26.06.2011 - 11:36
korkenundschiff
26.06.2011 - 12:49
an ween gett wei kann een dann stemmen gin wann se nach net aktiveiert as?
Zersch
26.06.2011 - 14:18
Voll domadder anverstaan , regelt zumindest dei iwerflësseg Diskussiounen wei : Béis Admins , meng Foto as erem net ugeholl gin Fannen ech gudd !
AalenKnipser
26.06.2011 - 20:36
Super, endlich mol méi Objektivitéit an Demokratie an daat mat Verbesserungsvirschléi !
Ech kann dat nëmmen begréissen, well den aalen System huet mëch an nach ganz vill Léit "genervt" an frustréiërt !
Den Aalen .
Ech kann dat nëmmen begréissen, well den aalen System huet mëch an nach ganz vill Léit "genervt" an frustréiërt !
Den Aalen .
annemie
27.06.2011 - 21:06
Vlait hutt der jo dann domatt bessen mei aer Rou virun Diskussiounen Fannen bei deem do System kann een lo nu wierklech net (oder net su direkt) iergendeppes maulen Tiptop!
rabbit
01.07.2011 - 12:51
ech fannen dat gut, wat een awer nach kënnt maachen wär eng Kategorie maachen " nëtt ugeholl Fotoen " an wann sich dann an den Kritiken feststellt dass vill User déi Foto gut fannen, kënnt een se "frei" ginn, ausserdem wär et absolut immens hëllefreich wann een an enger Serie kënnt EXIF Daten gesinn.
Johny
07.07.2011 - 15:36
Natierlech, et ass jo net wéiwann virdrun komplett grad sou wéi en eenzelne Loscht hat eng refuséiert ginn ass. Grënn waren z.B. d'Qualitéit (immens verpixelt duerch en digitale Feeler).
_MiAmI_
08.07.2011 - 15:52
PS: wann ech zwar lo Fotoen kucken, wou ech am Ufank eropgelueden hun, dann geing ech ma se selwer refüseieren...
Johny
08.07.2011 - 15:54
JamJam30
20.07.2011 - 09:39
Mier kennt et perseinlech fier wei wann varschiiden fotographen hier biller direkt ugeholl giin.
Varschiiden Biller vun gudden fotographen siin net gudd an sie giin trotzdem ugeholl. Wei ass daat meiglech.
Soss fannen ech photogen awer top.
JamJam

20.07.2011 - 09:47
Verschiddener ginn effektiv direkt ugeholl ouni duerch den Aktivéirungssystem ze goen, dat hu mer awer och ni verstoppt an och ëmmer erklärt Dat sinn am Fong Leit déi méi laang schonn um Site sinn d.h. deene mer kënnen trauen wat d'Respektéieren vun de Basis-reegelen ugeet, an déi permanent eng gewësse Qualitéit weisen an hiere Fotoen. Anescht gesot, wou am Fong d' Aktivéieren iwwerflësseg ass an just Zäit kascht an de Fotograf misst ëmmer waarden.
Poly
27.07.2011 - 19:48
merci Johny, sinn schon länger zéit dobäi, an hunn e Refus kritt, wat de Refus Commentaire ugeet dat jo awer nunn wierklech mat den Hoer erbäigezunn, wann e schon eng refuséiert kritt, dat weg och méi detailléiert vir wat, hu jo awer kloer am Titel ausgedréckt wat ech wollt weisen, wa mer schon esou eng Jury hunn, da kann se och emol aktiv an den Commentairen ginn..wat soll ech ech dann elo änneren, wann ech ze eroplueden fannen ech se och an der Rei oder.....
wa schon, da brauchen een sech net ze wonneren, wann an de Commentairen och ëmmer déi Standardsätz kommen, schéin, wonnerbar, schlecht ouni ze soen firwat, wou soll een dann do eppes bäiléieren
wa schon, da brauchen een sech net ze wonneren, wann an de Commentairen och ëmmer déi Standardsätz kommen, schéin, wonnerbar, schlecht ouni ze soen firwat, wou soll een dann do eppes bäiléieren
Johny
27.07.2011 - 22:16
Wisou "Merci johny" ?
Et gi genuch aner Säiten wou een Fotoen refuséiert kritt ouni jegleche Grond, do däerf ee sech dann eraus siche wat ee mengt dass net passt.
Deng Perspektiv gesäit aus wéi "gesinn, geknipst", dat ass de Problem derbäi. An däin Titel beschreift hei och keng Idee, mä just d'Motiv. Wann ech eng Foto vun engem alen Haus erop lueden an als Titel "Alt Haus" schreiwen, ass dat jo och keng Beschreiwung vun der Idee, an hei ass et tselwecht just mam Blat.

27.07.2011 - 22:53
dat ech dann an déi Kategorie falen, déi mussen iwwerpréift ginn, no honnerte! vun eropgelueden Fotoen, an 3 Wochenfotoen, dat ech nach net zu deenen gehéieren, déi ech zitéieren:
"Verschiddener ginn effektiv direkt ugeholl ouni duerch den Aktivéirungssystem ze goen, dat hu mer awer och ni verstoppt an och ëmmer erklärt Dat sinn am Fong Leit déi méi laang schonn um Site sinn d.h. deene mer kënnen trauen wat d'Respektéieren vun de Basis-reegelen ugeet, an déi permanent eng gewësse Qualitéit weisen an hire Fotoen"
eh bien wat eng Definitioun an mat wat fir Argumenter, se duerch d'Jury ginn
schéin waren déi Zäiten an der Dunkelkammer, ouni Informatik
a wat den Titel ugeet huel ech e Beispill vun haut, bei der Foto Pimpampel, sinn dach Pimpampelen drop,oder net?
also gëtt och elo den Titel bewärt,
kann der awer gären emol den original vu menger refuséierter Foto schéken, da geséist de dat déi net einfach ausgesäit wéi "gesinn, geknipst"!
wat ass da sos de street, oder soll ech se nach e puermol duerch CS an esou weider durchknallen, ass dat Fotografie, déi aarm leit déi dann net mat CS an esou weider schaffen
ganz se awer och um flickr gesinn, wou se ouni Problem ugeholl ginn ass
na ja léiert en ëmmer bei, och no 50Joer aktiv fotograféieren

27.07.2011 - 23:24
Dat mam Titel hunn esou geschriwwen wells du behaapt hues du häss deng Foto mam Titel beschriwwen, net well mir Titelen och mat bewäerten, breng dat elo net duergerneen.
Poly
28.07.2011 - 08:43
okok, wees ello dat an der Zukunft all meng akzepteert Fotoen bal ok sinn ........