Ausstellung an der City Concorde
(17.05.2011 - 21:55)
Vun muer un hu mir eng Ausstellung an der City Concorde, zousätzlech zu deenen Fotoen déi vun eisem Club am Moment grouss do hänken. Dës Ausstellung ass vum 18. Mee bis den 4. Juni op.
En décke Merci un d'City Concorde, déi eis dës Méiglechkeet ginn.
En décke Merci un d'City Concorde, déi eis dës Méiglechkeet ginn.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Zersch
17.05.2011 - 22:08
Majo dann geet et mol dohin , mol kucken waat dei vun Photogen do esou weisen
Super Saach !
Super Saach !
Zersch
19.05.2011 - 18:45
Flott , an do gesäit och jiddfereen se gudd , schued dat et der nët méi dierfen ? sin zumools uewenop ! An meng Lieblingsfotoen Cafe au Lait vum ChLo an den Ballon vum Jean-Jos sin derbäi !
Johny
19.05.2011 - 18:50
Mir hätten der méi dierfen mee et ass och fir eis deier se ze printen, an vu dass et kuerzfristeg war konnte mer och kee groussen Deal méi hikréien fir dat gréisstendeels gesponsort ze kréien :/ Mee ech denken dat wat do ass, ass schonn tiptop esou.
Zersch
19.05.2011 - 19:14
Ob jidderfall as et tiptop !! Sollt jo och net am geringsten eng Mecker sin , mais höchstens datt een sech mei laang kann drun erfréen. Merci awer fir d'Info Johny.
FranzW
19.05.2011 - 22:01
Wann een esou eppes ugebueden kritt, kann en sech dat net entgoen loossen. Ginn mat de Famill kucken.
Johny
24.05.2011 - 10:37
Genee richteg, ass eng flott Geléigenheet fir esou eng Ausstellung ze maachen. Vill Spaass mat der Famill.
gunman
21.05.2011 - 21:28
Wor haut och do an hun mir daat ukekuckt.
Super Photoen an eng wonnerbar Reklamm fier Photogen .lu
Déi Photo mam Fescher virunt denen weissen verschneiten Beem, waat op den éischten Moment ausgesiet wéi en Eisbierg--SUPER-
Super Photoen an eng wonnerbar Reklamm fier Photogen .lu
Déi Photo mam Fescher virunt denen weissen verschneiten Beem, waat op den éischten Moment ausgesiet wéi en Eisbierg--SUPER-
Johny
24.05.2011 - 10:36
Majo et goufen express e bëssen méi speziell Fotoen eraus gesicht, fir dass d'Leit eben net just laanscht ginn Merci
No_Saint
22.05.2011 - 22:12
War'se e Freiden kucken, huet mer gutt gefall,
och d'Qualitéit vun de Prints ass tip top.
och d'Qualitéit vun de Prints ass tip top.
Jean-Jos
23.05.2011 - 20:22
E flotte Mix vu Biller, gutt placéiert a gutt présentéiert (flott wéi se opgezu goufen an anescht, esou ouni Rumm a passe-partout: ech hun dee 'produit' nët op foto.lu fonnt, awer gesäit jo esou aus, wéi wann et do gemacht gi wäer). Eng gutt Reklamm fir de Club, fannen ech.
P.S.: dem gloda séng Rieseleinwand, wann een vum Parking erakënnt ass einfach staark!
P.S.: dem gloda séng Rieseleinwand, wann een vum Parking erakënnt ass einfach staark!
Johny
23.05.2011 - 20:55
Nee de Produit ass och esou net op foto.lu, mee wanns de eng E-Mail schreifs dann ginn se der sécher d'Präisser
Merci fir däi Kommentar
Merci fir däi Kommentar