Header
Studio lounen nach net méiglech am Mee
(22.04.2011 - 09:42)
Am Mäerz an am Abrëll haten mir de Studio jo zou gemaach, well mer mussen nom Buedem kucken an well d' Material (virun allem d'Hannergrënn) scho bal esou Wäit waren dass ee keng flott Fotoen méi konnt maachen. Dëst Material gëtt ersat wann de Buedem an eisem Sall an der Rei ass.

D'Gemeng wäert elo geschwënn am Sall mat den Aarbechten ufänken, leider hat et e bëssen gedauert bis mer en Datum vun der Gemeng kritt hunn. Den aktuelle Plang ass dass si d' Aarbechten wëllen am Mee ofschléissen, an dann wëlle mer den Sall nei an propper ariichten, wat och nach eng Kéier Zäit hellt. Dofir ass am Mee de Studio och nach zou, viraussiichtlech am Juni wäert dann alles ofgeschloss sinn esou dass mir iech dann en Studio kënne bidden dee propper ass mat anstännegem Material.

Et kann sinn dass de Phototalk am Mee dofir muss ausfalen, mä dat musse mer nach gesinn an den nächsten Deeg.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
m-otiv 22.04.2011 - 09:49
Daat sin ganz gudd Nouvellen....Kudos...
Also wann dir Een braucht fir den neie Buedem an Hannergrënn ze testen.... coolEch gin emol meng iwwerweisung maachen
Keup 22.04.2011 - 13:37
Tip top ech freen mech schon closed_eye
Fennec 09.05.2011 - 00:45
Dat as gudd wann et fortgang kritt. Freen mech