Header
Comité Changementer
(21.04.2011 - 15:00)
E Samschden haten mir, wéi eis Clubmemberen wëssen, eis Generalversammlung. Leider waren och dëst Joer net vill Memberen do, wouduerch dat ganzt an engem relativ klengen an gemittlechem Kader gehal ginn ass. Déi wichtegst Informatioun hei vun ass dass eisen ale Sekretär, de Yannick alias yoshi säi Sekretärs-posten ofginn huet, an dësen ass iwwerholl gi vum Christian De Carolis (alias gogo), deen dann vun elo un eisen Sekretär ass. De Yannick bleift awer weiderhinn nach am Comité mat dran.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Maimonides 21.04.2011 - 20:46
"Haaptsekretär"
(= secrétaire principal ??),
Johny,
ass an de Statuten net virgesinn.
(Ech weess: ech war och net do.)
closed_eye

Mais trotzdem...
Johny 21.04.2011 - 21:51
E Sekretär an dem aneren hëlleft em, och wann et keng offiziell "unerkannten" Positioun ass - wou ass de Problem? Wann een eng Grupp Leit huet mat motivéierten déi fräiwëlleg schaffen, et kommen net vill Leit op eng Generalversammlung, dann ass et menger Meenung no absolut feel op der Plaz fir duerno esou ee Kommentar ze schreiwen. Dat kënnt eriwwer wéi "Dir interesséiert mech zwar net, mee meckeren kann ech jo mol"

E bëssen Respekt w.e.g.
Maimonides 21.04.2011 - 22:13
Wei sou bass du dann elo direkt um grousse Pony ?
Respekt hunn ech, an duerfir hunn ech dat och geschriwwen.
Respekt virun de Statuten. An do ass 1 "Haaptsekretaer" net virgesinn. Dat weess du grad esou gutt wei ech.
Johny 21.04.2011 - 22:27
Wisou? Iwwerlee der d' Äntwert op déi Fro emol selwer.

D'Aufgaben sinn esou net an de Statuten definéiert, mä alles wat dat heescht ass dass no baussen rechtlech ee Sekretär do ass, elo de Christian. De Paul hëlleft aus fir e puer Tâchen, an elo erklär mer wat dorun esou schlëmm ass wann mir hien intern als Vize-sekretär gesinn.
Maimonides 21.04.2011 - 22:49
Dat ass net schlëmm, Johny,
ech verstinn dat och.
Dat dréit och sécher
zum besseren Funktionéieren vum Club bäi,
mais et ass trotzdem net offiziell
an de Statuen virgesinn.
Een Vize-Tresorier,
oder e Vize-Member ass jo och net virgesinn.
Dat ass just eng Fro vun Terminologie.
Johny 21.04.2011 - 22:53
Dass et just eng Saach vun Terminologie ass wëll ech der jo eigentlech erklären, an dann ass et eben e Member deen kleng Aufgaben mat mécht esou wéi all Member am Comité. Zefridden?
Maimonides 21.04.2011 - 23:04
No deem klengen échange de vue gesäit et awer éischter esou aus wei wann ech dir eng voie de sortie gewisen hätt. Wann de Comite net mei grouss ginn ass, blaiwen ech zefridden.
Johny 21.04.2011 - 23:38
Majo dann looss et fir dech esou ausgesinn smile
Maimonides 21.04.2011 - 23:47
TITRE III.- Administration.
Art. 12

closed_eye
Johny 22.04.2011 - 08:19
Et ass och an de statuten net virgesinn dass mer 2 Leit hun déi sech ëm Phototalk'en këmmeren, och net dass sech der 2 ëm concours'en këmmeren. Eng Katastrof si mir awer och.
Maimonides 22.04.2011 - 19:53
Dat sinn dann wahrscheinlech "Memberen", an déi sinn virgesinn.
Hir respektiv "Aufgab" awer ass an de Statuten net virgesinn, an dat ass och gutt esou. Dat ass eng Fro vun "organisation interne".
An de Statuten ass awer nëmmen 1 Sekretär virgesinn.
Johny 22.04.2011 - 21:04
Et gëtt jo och nëmmen 1 Sekretär, den aneren hëlleft nëmmen smile
Maimonides 22.04.2011 - 21:06
Elo sinn mir eis eens, Johny.
closed_eye
Johny 22.04.2011 - 21:08
Ass jo wat ech sot, offiziell ass et 1 Sekretär mee eigentlech hëlleft en anere mat. Alles nëmmen zum gudde vum Club
Maimonides 22.04.2011 - 21:16
1 Sekretär, awer keen "Haaptsekretär".
Johny 22.04.2011 - 22:17
Ech hunn et esou guer ugepasst am Text smile
Val 22.04.2011 - 09:12
Ech fannen dat war schon e start streck, dass just de Comité an 3 Memberen do waren !! an dat op enger "Assemblée Générale" Ech mengen wann d'Wieder och Supper war, 1 Stonn fir Lizenz Memberen wier sécher näischt ze vill gewiescht, awer schon traureg !
An et wär och fir verschidden Memberen eng Geléigenheet gewiescht hir Problemer bekannt ze maachen,an ze diskutéieren dofir gëtt et en Diver. an enger AG.

Op jiddefalls, war ech zefridden mat dem wat ech wollt wëssen ! an dir 80 Km waren mer och net ze vill.

MBG Val
Wat Statuten ugeet,ech hoffen et kann jo jiddereen déi hei Liesen :