Eye-Fi Mobile X2 Späicherkaarten
(13.04.2011 - 09:48)
Eye-Fi huet en neien Produit aus hirer Serie vun SD-Kaarten mat wireless Funktionalitéit virgestallt. Mat der Mobile X2 Kaart muss een net méi wéi virdrun an engem Wireless Réseau dra sinn fir d'Fotoen op aneren Geräter gesinn ze kënnen. Elo ass et méiglech eng direkt Verbindung vun der Kaart op Android oder iOS Geräter ze maachen. Et mécht een eng Foto, e puer Sekonnen drop gesäit een se um Bildschierm vum aneren Gerät. En externen Bildschierm also, deen zB an knëfflegen Plazen d'fotograféieren erliichtere kann. D'8GB Versioun kascht 80$.
(via Petapixel).
(via Petapixel).
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Mexx
14.04.2011 - 08:27
Hues de schon erfahrungen domat gemat? Gif mer am fong deck gär sou eng zouleen, mee trauen der Saach mam Converter net...
tcvs
20.04.2011 - 13:01
Et ginn och Adapteren fir eng CF-Kaart
-> oppassen net all Adapter fir eng CF-Kaart draus zemaan funktionéiert mat der Eye-Fi.
hei och dei offiziell Säit vun Eye-Fi http://de.eye.fi/
-> oppassen net all Adapter fir eng CF-Kaart draus zemaan funktionéiert mat der Eye-Fi.
hei och dei offiziell Säit vun Eye-Fi http://de.eye.fi/