Header
Kommentar-funktioun optiméiert UPDATE
(24.02.2006 - 01:51)
Vun elo un ass et dann méiglech, soubaal een ageloggt ass, op egal weieen Kommentar ze äntweren. Bis lo konnt emmer nemmen den Auteur vun der Foto daat selwer oder d'Admins.

Äußerdem kann een lo nët nemmen méi op en Haaptkommentar äntweren, mee och op eng Äntwert selwer rem (Wann een daat virdru wollt maachen huet ee mussen en neien Haaptkommentar schreiwen an daat huet herno emmer komesch äusgesin). Lo gin déi dann emmer ënnerdeneen ugewisen, déi jeweilech Äntwerten. Dier kënnt sou oft wéi der wëllt op eng Äntwert rem äntweren.

En plus hun ech den Code bessen optiméiert soudass all Säit wou méi Kommentarer ze liesen sin lo och bessen méi séier lueden. Nach derbäi hun ech daat ganzt bessen emgeschriwen soudass et fir mech méi iwersiichtlech ass (50 Zeilen manner Code), mee dofun mierkt dir sou direkt näicht, oofgesin vun der Vitesse.

//UPDATE:

Lo kann een och säi Kommentar formatéieren mat bold, underline, italic, Links asetzen an och direkt Links op Biller wou dann am Kommentar d'Ikon ugewise gët. en plus kann ee wielen ob een vir den eelsten Kommentar wëll als eischt liesen oder den neitsten.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Mojoo 24.02.2006 - 17:00
gudd Saach! smile
coolpix 24.02.2006 - 20:42
Iop flott smile. Wier et net nach interessant, eng minimal BBCode Fonktioun an d'Kommentarer abauen, well oft well een gaeren nach op eng aaner Säit/Photo verweisen (resp. just innerhalb Photogen.lu) oder en Deel vun sengem Saatz bei stark betounen (bold, underline, italic)?
Johny 25.02.2006 - 18:48
Kéint ech nach abauen, jo. vill mei bbcodes wei daat ganzt (ausser nach bild ganz asetzen) hun ech sws net a mengem Script closed_eye

Ech kinnt awer nach eppes maachen wei an der FC och, mee war schon eischter op di Idee komm. su à la [pg_img]<foto-id>[/pg_img], dass dann e Link op dei Foto gewise gët mat klengem Icon.
coolpix 27.02.2006 - 14:16
Test.

//Edit: Ok, Geet.
coolpix 24.02.2006 - 22:12
Ech hunn nach eppes ze soen: virun kuerzen ass iergendwou ugeschwaat ginn fier d'chronologesch Reihenfolleg vun den Kommentarer enzedreinen (op aal - nei vun uewen no ennen), an du ass awer zesummengefaasst ginn daat daat hei am logeschsten ass. Ech denken elo grad den Contraire, well eichtens kann een an eng besteht Diskussioun besser agräifen, an deem een alles vum eichten Kommentar un liest, an zweetens, wann een elo vun ennen erop liest fier alles chronologesch korrekt (aal - nei) matzekreihen, muss een, bei relativ laangen an däifgoenden Replys, je no Monitoropleisung emmer erem hin-an-hirscrollen asw.

Wier daat net awer nach eng Iwwerléung waert?
Johny 25.02.2006 - 20:12
Sou vu lo un kann een et am Profil astellen, an Link direkt bei d'Kommentaren kennt nach lo gläich.
benem 25.02.2006 - 14:40
Aah, een deen et begraff huetclosed_eye
Kann et sin, dass déi Entwert-op-en-Kommentar-Funktioun net bei den News fonctionnéiert?
coolpix 25.02.2006 - 14:47
Io, et schengt opmannst net ungewisen ze ginn. Op der Haaptsäit steet awer d'Unzuel vun Kommentarer (mat deenen dei net ugewisen ginn).
Johny 25.02.2006 - 18:24
Also dass bei den News Äntwerten net ugewise gin ass mer lo och opgefall, bei den news waren iergent wei nach emmer Problemer mat den äntwerten, och schonn do wou nemmen d'Admins do konnten Äntwerte schreiwen. Ech kucken awer durno. Daat ass wann een net vun Ufank un eng eenheetlech Struktur vir seng Haapttabellen an enger DB huet :/.

Daat mat der Chronologie, wollt ech nach abauen, dass een daat emstellen kann am Profil och, an ehc denken ech kinnt och e klenge Link maachen emmer op der Page selwer mat de Kommentaren wu een et séier emdréine kann. Wärt ech nach haut maachen dann smile
coolpix 25.02.2006 - 19:04
Super smile. Ech kengen keng Community dei sou schnell wiest wei Photogen (opmannst hunn ech et net materliewt), an wou den Developement esou seier gett. An daat ass et waat mech enner aanerem heihällt closed_eye.
Johny 25.02.2006 - 19:06
Ech hun et eben net gär wa sou Saachen dei eigentlech seier gemaach sin laang op sech waarde looßen (oofgesi vun denen Virschléi dei komm sin während menger Examenszäit, do geet Uni natirlech fier). An et ass jo net weiwann ech d'Programmeiren nët géif gär maachen, och en Grond wisou ech su séier d'Saache verbesseren smile.
Merci awer fir d'Kompliment.
coolpix 27.02.2006 - 11:30
Tiptop Johny mam BBCode smile. An och flott daat een elo direkt d'Forums-Themen gesäit smile.
xtoph69 27.02.2006 - 12:44
Moien alleguerten, ech fannen das dir eng SUPER Arbescht hei macht !!!
Ech haett och eng Fro ze de Kommentaren, wenn ech, nodem ech e Kommentar geschriwen hun, mierken do ass e Fehler dran ass, a well dee nodréiglech enneren, get et do iergendwou eng edit Funktioun ??
merci

SUPER DIR SID PHANTASTESCH closed_eye
Johny 27.02.2006 - 12:51
Soll och nach an denen nächsten Deech kommen smile

Merci fir d'Kompliment.

//EDIT: Sou geet schonn closed_eye
coolpix 27.02.2006 - 13:26
Kewl smile.