Header
Nikon D5100 & ME-1 Mikrofon
(04.04.2011 - 22:28)
Muer wäert Nikon d'D5100 annoncéieren, den Nofolger vum D5000 déi schonn eng Zäit laang aus dem Handel ass. Hei sinn d'Detailer:
-16.2MP Sensor, EXPEED 2 Prozessor
-4fps, "Quiet Shutter" Modus
-Nei HDR Funktioun
-Full HD Video (1920x1080@30p)
-Nei Video Spezialeffekter
-Stereo Mikro Buchs
-ISO 100-6400
-Night Vision mat ISO bis 102400
-Säitlech schwenkbaren LCD Bildschierm
-EN-EL14 Batterie

Den ME-1 Mikro hëlt Toun vun ganz rondrëm am Stereo op. De Präis läit ëm 140€.

(via nikonrumors.com)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 05.04.2011 - 13:25
D'D5100 gëtt et am Kit mam 18-55mm VR fir 900$.
MarcGerard 06.04.2011 - 09:34
freck ... as zwar cool .. stellen ech grad fest ...
Poly 11.04.2011 - 23:17
ech muss zwar mat menger D5000 sinn ech jon ganz zefridden, mä dat doen schéngt jo nach méi interessant ze sinn zemol dat den display sech och elo nach säitlech dréinen léist, praktesch fir stativopnamen