Header
Sigma, Samyang & Lensbaby Objektiver
(04.04.2011 - 22:21)
Lensbaby
D'Sweet 35 Optic vu Lensbaby huet eng Brennwäit vun 35mm mat enger Blend vun f/2.5-22 déi een astelle kann, amplatz vun den asetzbare Blenden wéi bis elo. Et ass kompatibel mat hieren Composer, Muse, Control Freak and Scout Objektiver.
Weider huet Lensbaby den Composer Pro virgestallt. D'Objektiv kascht 300$/400$ (mat Double Glass oder Sweet 35 Optik) an passt op Boitieren vun Canon, Nikon, Sony Alpha, Pentax an Olympus.

Samyang
Den 35mm f/1.4 Objektiv vun Samyang krut den Design nach eemol nogebessert an wärt fir 379€ fir Canon, Nikon, Samsung NX, Sony Alpha a Four-Thirds Apparater ze kréie sinn.

Sigma
Den 120-300 f/2.8 EX DG OS HSM an de Macro 150mm f/2.8 EX DG OS HSM goufe schonn op der Photokina 2010 annoncéiert mä sinn elo och fir 4700$ respektiv 1600$ ze kréien.
Weider huet Sigma d'DP2X, den Nofolger vum DP2, eng Kompaktkamera mat groussem Sensor, annoncéiert. Se wärt ab Enn Abrëll ze kréie sinn.

(via dpreview.com)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
VeloBen 05.04.2011 - 18:22
Daat Samyang Objektif soll f/14 hun? ass daat net een Tippfehler?
gloda 06.04.2011 - 11:01
Merci, dat sollt effektiv 1.4 sinn.
VeloBen 06.04.2011 - 20:25
Ok! bigsmile