Browser an System Statistiken
(26.02.2011 - 14:08)
E puer interessant Statistiken sinn mir an d' Aa gefall wou ech gëscht nogekuckt hunn:
an
Iwweraschenderweis ass Safari virum Firefox als Browser, an den IE nëmmen op 3. Plaz, wäit ofgeschlo.
An den Statistike vun de Systemer gesäit een dass Mac'en geschwënn Windows iwwerholl hunn, a wann een iPhone derbäi zielt ass et esou guer scho méi wéi Windows.
Dës Statistike bezéien sech natierlech nëmmen op Photogen, an (leider) net op de Recht vum Internet :)

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Johny
26.02.2011 - 14:46
Net wéinst Mac oder Windows, mee well den Internet Explorer d' Entwécklung vun neien Technologien em op manst 2 Joër ëmmer zréck gehäit
Maimonides
26.02.2011 - 14:53
Interessant, deng Statistiken, Johny.
Déi gehéieren och dozou.
A Merci.
Déi gehéieren och dozou.
A Merci.
gloda
26.02.2011 - 15:13
Mengs de doraus kéint ee schléissen dass Safari a Mac bei Fotografe méi gängeg sinn wéi beim Duerchschnëtts-Internetbenotzer?
Johny
26.02.2011 - 15:27
Definitiv, verglach z.b. mat spellchecker.lu, wou ech den Admin gutt kennen, deen huet 38% IE, 32% FF an 25% Safari.
gi87
26.02.2011 - 15:25
An wei ass dei Statistik dan opgebaut gin ? wor hei eng emfro gemach gin um Photogen oder wei wees en dass ech Mac oder Windows benotzen ?
Johny
26.02.2011 - 15:28
Dat ass Google Analytics, deen anaylséiert (wéi den Numm et seet ) all Visiteur deen op de Site kënnt. De Browser schéckt all déi Infos mat, an Statistik-programmer wärten déi just aus.
Quaffit
26.02.2011 - 16:56
Ech benotzen haaptsächlech den Chrome well en schnell a secher as, resp den Safari. Den Firefox as lahm an instabil, dofir benotzen ech den just nach fir Homebanking well meng Bank nach net mat Safari schafft. Den IE benotzen ech schons säit Joeren net méi.
Awer ennert Windoof huet och den Safari seng Macken a stiirzt gelegentlech of. En Mac hun ech just aus dem Grond nach net well ech en Allround-Computer braucht mat dem ech och spillen kann a wann ech do esouvill Leeschtung bei engem Mac well wéi ech op mengem Windoof-Zuutz hun kascht et en Heedegeld méi.
Fir eng Mac Laptop kritt een jo nach net emol en internen BlueRay-Player/Brenner. Béid Systemer hun nun emol Vir- an Nodeeler. Wann ech lo nemmen géif Fotoen bearbechten, géif ech secher och nemmen nach op Mac vertrauen.

26.02.2011 - 17:01
Et stëmmt dass Firefox roueg kéint méi stabil sinn. (hues wuel och Raiffeisen als Bank? ). Safari op Windows géif ech, als Mac-Safari user nie maachen, de Look passt net, an dee programm gehéiert einfach op e Mac.
Blu-ray kritt een net well fir Blu-ray de copy-schutz muss am Kernel vum System integréiert sinn... Laang Geschicht.
Mee Mac ass net just fir Fotoen ze beaarbechten, ech maachen z.B. och all meng technesch Saachen wéi Programméieren um Mac, wat do besser geet wéi um Windows.
Spillen ass natierlech erëm en Thema fir sech

26.02.2011 - 17:20
Ech kann zwar lo net behapten dass den Safari vum Look hier net bei Windows passt. Et wär secher gudd wann et Skins dofir géifen gin - Extensions gin et der jo mol genuch - awer en passt usech gudd béi mäin schwarzen Look vum Vista. Den Safari gefällt mir jidderfalls vill besser wéi den IE.
Jo ech sin och bei der Raiffeisekees - fannen sie kéinten do mol eppes maan dass och aner Browser erlabt wären, resp dass se wéi d'Konkurrenz eng App erausbréngen fir Homebanking.
Daat mam BluRay wosst ech nach net - Merci fir d'Info. As usech onverständlech firwaat dass Apple den Copy-Schutz nach net intégréiert huet wou se dach awer wessen dass se durch méi Multimedia-Fähegkeeten och méi Client'en géifen kréien.
Op engem Power-Mac kann een jo déi 2 OS installéieren - awer geet daat och op engem MacBook? Wa jo, da get déi Saach schons méi interessant well da bräicht een jo den Windoof nach just fir ze spillen .

26.02.2011 - 18:15
Op all Mac kanns de Mac OS X lafen hun an Windows, et brauch ee just eng gewessen Mindest-späicherplaz um Disk natierlech
gtaddei1
27.02.2011 - 10:39
Ech mengen dass dest een phenomen ass deen plutot letzebuergesch ass hai an europa.
Mee firwaat net! Et ass wellkomm soulang den jobbs nach do ass. Dourno ass eng aaner fro

xda
28.02.2011 - 14:19
http://de.statista.com/statistik/daten/studie/70964/umfrage/browser---anteil-an-sicherheitsluecken/
Ass zwar net ganz aktuell, mä demols hun ech op Opera gesaat, well e schnell ass an emmer nach net sou verbreet, dass et sech lount viren trojaner etc dofir ze entweckelen ... Kee System ass secher a waat et mei verbreet ass desto mei Viren gin et dofir Wann Mac Windows irgendwann iwwerhellt dann brauch ee secher och fir de Mac e vernünftegen Virenscanner Mä bis dohinner dauert et secher nach e bessen
Mai Windows 7 muss ech vleicht alle 3-4 Meint mol nei starten an mat enger SSD dauert daat och nömmen 90 sek
De Mac ass super vir Leit dei just user sin an sech net allzevill mat der Technik beschäftegen a vir Leit dei eppes schickes wellen an och bereet sin dofir genuch ze bezuelen Ech perseinlech brauch keen Alu, bezuelen vir dei selwecht Hardware en drettel vum Preis an sin als Informatiker mat Debian/ubuntu/windows7 super ausgestatt
Hei nach e besse mei aktuell
http://www.heise.de/security/meldung/Sicherheitsluecke-in-Safari-demonstriert-1186609.html

28.02.2011 - 17:28
Ëmmer erëm déi Aussoen e Mac wier näischt fir een deen sech fir d' Technik interesséiert respektiv net esou vill muss maache kënnen ass absolut falsch Alleng doduerch dass een e ganz normalen unix-terminal huet, huet een esou vill Méiglechkeeten fir einfach a séier villes ze maachen genee wéi een et ënner Linux gewinnt ass.
Ween net selwer mol e puer Méint op engem Mac geschafft huet, kann en och net vergläiche mam Recht well dee weess net wéi einfach alldeeglech Saachen sinn am verglach zu Windows. Och wann do Windows 7 sech vill verbessert huet, endlech, no esou vill Joren wou Apple MS eigentlech wäit viraus war

28.02.2011 - 20:08
Secher kann een villes op der Shell maachen well et jo quasi och Linux ass... Allerdings ass et dann och net mei alles sou einfach. Hun och genuch mach Mac zedin, an apel alt p r Powerschalter oder apel alt o f Powerschalter ass och net sou einfach ... an den typesche Mac User freet mech dann och wei een openvpn, en ipsec tunnel oder en nfs share op der shell ariicht ... waat dann och erem net mei sou einfach ass wei op engem Debian mat apt-get ... Ech hun zumindest nach naischt gesin waat mei einfach besser oder mei schnell op engem Mac geet wei op mengem PC, an ech sin frou dass ech 5 Tasten op menger Maus hun an och emol en 3D Spill ka spillen ouni mer eng Playstation ze kaafen
Net falsch verstoen! Ech fannen Mac och super, et funktioneiert kennt alles aus engem Haus an passt dofir och gudd zesummen. Dofir och de Prais! Vir Leit dei d'Suen hun kann ech jidderengem nömmen uroden kaaf e Mac oder och en Iphone an du hues eppes schickes waat laut de Mac User nie ofstierzt an och emmer geet an einfach ze verstoen ass. Fir Leit dei net sou vill Geld hun, geet fir die "alldeeglech Aarbescht" och e Core i5 mat Win7 fir enner 500€ duer dofir hun dei da keng Tasten dei beliicht sin oder e super touchpad. mä fir deie gespuerten 1000€ kann een dann eng Luucht an och en wacom bamboo kaafen ...

28.02.2011 - 20:26
Eigentlech sinn ech jo averstan mat dengen Argumenter, mee wann dann e Saz kënnt wéi dat mat der Maus do héiert een dach erëm eraus dass de iergendwéi och wëlls D' Macen bëssen schlecht maachen ech géif meng Logitech Mx Revolution niemols géint esoueng verkackten Magic Mouse wiesselen, dat huet awer näischt mam System ze dinn.
Schonn alleng eng Klengegkeet déi méi séier geet wéi op dengem Windows: Firefox installéieren

28.02.2011 - 20:51
Meng Meenung ass jiddereen muss daat benotzen waat him am beschte gefällt woumat en eens get a waat e bezuele kann/well.
A Punkto Style Veraarbeschtung Iddeen ass Apple secher ongeschloen. Ween dorop net souvill Wärt leet ass mat Windows och gudd drun.
Daat mat der Maus an och mat de Spiller war mei als Witz geduecht ... WOW get et jo och vir Mac Als Sysadmin deen och User huet dei mat Mac schaffen wees ech halt dass kee System perfekt ass, an ech vun dem Kommentaren oft bermierken dass Mac User Windows mei oft schlecht maachen wei emgedreit
Vue que dass ech Opera installieren an guer kee Firefox well, dauert eng Firefox Installatioun 0 Sekonnen bei mir Sollt ech awer eng Keier Firefox brauchen hun ech eng Standalone um USB Stick, dei brauch guer net installeiert ze gin

undercover
07.03.2011 - 15:36
Ma daat do as jo Top.
Géif mech freen wan mol endlech en app vun desem site gemach géif.
mfg

ApplEric
17.03.2011 - 21:46
Eng aaner intressant Statistik:
http://sevenmac.de/news/apple/3003-die-top-10-mac-...
Deemno as Letzebuerg ahnenrt der Schweiz mee firun den USA wat d'macen ugeht.

18.03.2011 - 20:07
D'ass naischt, du muss mengem Papp merci soen, deen ass och sou en Mac-Freak an hudd mer de Link gescheckt.
Op alle Fall ganz intressant dei Statistik, an ech perseinlech sen och well op den iPad 2 gespannt.