Header
Sigma & Pentax Objektiver
(08.02.2011 - 20:01)
D'CP+ 2011 ass elo amgangen, dofir kommen dann emol nees e puer nei Saachen!

Pentax huet en neit Wäitwénkel-Objektiv fir hir Mëttelformat Digitalkamera annoncéiert, den smc D FA 645 25mm F4 AL [IF] SDM AW. D'Objektiv gëtt waasserresistent a kascht 5000$ ab Abrëll.

Sigma huet e puer Neiegkeeten a Saachen Objektiver.
Als éischt hunn se emol en 12-24mm f/4.5-5.6 EX DG HSM II Objektiv fir Vollformat Apparater annoncéiert. Se hunn awer kengem Verroden fir wéieng Marken d'Objektiv erauskënnt. Wéivill et kascht soten se och net. An och net wéini d'Objektiv erauskënnt.
Dann gëtt et en 105mm f/2.8 EX DG OS HSM Macroobjektiv mat Bildstabilisator. D'Objektiv vergréissert bis 1:1 an ass fir Crop- a Vollfromatsensore geduecht. Neess keng Info iwwer de Präis, d'Montur oder en Datum.
Schlussendlech gëtt et eng bildstabiliséiert Versioun vun engem Objektiv dat et scho gouf: den 50-150mm f/2.8 EX DG APO OS HSM ass fir Cropsensore geduecht. Iwwert de Präis an den Datum an d'Marken... bon dir wësst jo.

(via dpreview.com)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen