Header
Canon 1100D, 600D, Objektiver, Blëtzer
(07.02.2011 - 10:06)
Canon huet haut nieft e puer PowerShots déi keen interesséieren zwou nei DSLR Kameraen, dräi nei Objektiver an zwee nei Blëtzer annoncéiert.

Canon EOS 1100D
12MP CMOS Sensor
User-Hëllef um 2.7" Bildschierm
"Creative Auto" an "Basic+" Modi
720p Video
ISO 100-6400
9-Punkt AF
Beliichtungsmiessung mat 63 iFCL Zonen

Canon EOS 600D
18MP CMOS Sensor
Intelligenten automateschen Zeenemodus
1080p Video
User-Hëllef um schwenkbare 3" Bildschierm
9-Punk AF
"Basic+" an "Creative" Filtrage
Agebaut Blëtz-Master Funktioun

Canon EF 200-400mm f/4L IS USM Extender 1.4
Emol eng Approche déi ech nach net gesinn hunn: An dësem Objektiv gëtt den 1.4x Extender einfach mat agebaut. Wann een deen uschalt gëtt aus dem Objektiv en 280-560mm f/5.6.

Canon 600mm an 500mm f/4L IS II USM
Canon huet zwee vu sengen Superteleobjektiver eng Verjéngungskur ginn. Se kréien den neien IS System spendéiert, se sinn méi liicht a "méi stabil" an d'Optik bannendran ass nei.

Canon Speedlite 320EX an 270EXII
Den 270EX gouf aktualiséiert. Den klenge Blëtz mat enger Guide-Nummer vu 27 huet en zoom- an héichklappbare Kapp a kann duerch de Menü vum Fotoapparat gesteiert ginn. Nei ass dass den Blëtz elo mat enger Fernsteierungsfunktioun kënnt, mat der een den Fotoapparat ausléise kann, deen dann sengersäits de Blëtz matzünd wann et souwäit ass.
Den 320EX huet als besonnesch Funktioun dass en eng Zeen während dem Video filmen beliichte kann. Den Zoom vum LED Blëtz mat enger Guide-Nummer vu 32 geet vun 24 bis 50mm, an de Kapp ka gedréint an héichgeklappt ginn. De Blëtz funktionéiert och als Slave a kann wéi den 270EXII d'Kamera ausléisen.

(via canonrumors.com)

Ech hunn nach keng Präisser gesinn, ech aktualiséieren dat méi spéit, mä wann een se weess, setzt se an d'Kommentaren.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Nathalie 07.02.2011 - 15:44
Beide DSLRs sind ab April 2011 erhältlich, wobei die 1100D mit dem Setobjektiv 18-55mm II 550 EUR kosten soll, die 600D hingegen kostet mit dem Setobjektiv 850 EUR.

Quelle: www.digitalkamera.de
Geko 07.02.2011 - 18:33
Wann et bei den Apparate scho laang näischt wierklich neies méi gouf, dann ass ee frou iwwert sou Bomme wéi dat 200-400er mat agebautem Extender ! A wann ee sich sou eppes dann nach leeschte kënnt, wat géif ee sich da réischt freeën unhappy
Johny 08.02.2011 - 13:44
Déi Präisser déi d'Nathalie do geschriwwen huet si richteg, stinn och an der offizieller Presse-mail esou dran. Mä bon, fir mech ass jo ëmmer nach näischt richteges derbäi bigsmile