Header
Hardware & Software - Januar
(01.02.2011 - 12:54)
De leschte Mount huet sech net all ze vill weltbewegendes gedoen, dofir d'Fotografie News a Saachen Software an Hardware op dëser Plaz am Resumé:

Hardware
-Tamron huet d'18-270mm f/3.5-6.3 Di II VC PZD Zoomobjektiv erausbruecht. PZD steet fir den neien Piezo Drive, dobäi kënnt Bildstabilisatioun. Säit Enn Dezember gëtt et d'Objektiv fir Canon a Nikon, eng Versioun fir Sony ass ënnerwee.
-Leica huet séng Mediumformat Spigelreflex S2 op d'Firmware Versioun 1.0.0.24 aktualiséiert. Et gëtt nei Features, ë.a. DNG Kompressioun ouni Verloschter, an en méi séieren Mode Rafale (1.5 Biller/s), nieft aneren Verbesserungen.
-Pentax mécht et d'selwecht an aktualiséiert d'Firmware vun der K-5, K-r an 645 fir ë.a. nei Späicherkaarten ze ënnerstëtzen an den Kontrast-Autofokus ze verbesseren. Donieft huet Pentax och matgedeelt dass déi Leit denen hir K-5 mat Flecken um Sensor geliwwert goufen se gratis kënnen bei hinne botze loossen.

Software
-Corel huet den PaintShop Photo Pro X3 aktualiséiert fir d'Stabilitéit ze verbesseren an nei RAW Formater ze ënnerstëtzen.
-Nik Software huet Silver Efex Pro 2 à jour gesat. Et ass eng History Palett komm an verschidde Regler goufen nogebessert.
-DxO Labs huet d'Versioun 6.5.3 vun DxO Optics Pro erausbruecht. Den Update bréngt nei Moduler vu Kameraen an Objektiven.
-Bibble Labs aktualiséiert hir RAW Verarbeschtungssoftware Bibble op d'Versioun 5.2. Et koum och hei Ënnerstëtzung fir nei RAW Formater dobäi.
-Phase One mécht et d'selwecht, och Capture One 6.1 ënnerstëtzt elo nei Fotoapparater.
-Topaz Labs zu gudder Lescht huet d'Versioun 3.1 vum ReMask 3 plugin verëffentlecht. Déi nei Versioun soll méi séier a méi stabil sinn, donieft ginn et nei Menüen.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen