Header
Aperture 3.1.1, DxO 6.5.2, ReMask 3
(15.12.2010 - 17:18)
E puer Neiegkeeten aus der Fotografiesoftware-Welt.
-Apple huet Aperture op d'Versioun 3.1.1 aktualiséiert. Bugfixes an Kompatibilitéitsverbesserungen.
-Topaz Labs huet ReMask 3 verëffentlecht. Den Maskéierungsplugin fir Photoshop krut eng besser Performance, eng nei Interface an neit Geschir par Rapport zum Virgänger. (MacOS, Windows, 49.99$)
-DxO Labs huet DxO Optics Pro aktualiséiert. D'Versioun 6.5.2 fir MacOs a Windows ënnerstëtzt elo d'RAW Fichieren vun der Sony NEX-3 a NEX-5, donieft gëtt et 50 nei Kamera-Objektiv Moduler.

(via dpreview.com)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 17.12.2010 - 19:01
Aperture an iPhoto goufen haut nach eemol aktualiséiert, mat Support fir nei Kameraen.