Header
InFocus, PPS5.5, HDR Express, LR3.3
(09.12.2010 - 14:27)
D'Software Neiegkeeten vun dëser Woch am Resumé:
-Topaz Labs huet en Photoshop Plugin mam Numm Infocus erausbruecht. Fir knapp 30$ "dekonvoluzionéiert" en onscharf Fotoen op Windows an op Mac.
-OnOne huet hiren Photo Suite Softwarepak op d'Versioun 5.5 aktualiséiert. Fir knapp 500$ kritt een eng Rëtsch Plugins.
-Unified Color huet den Programm HDR Express fir Windows a Mac erausbruecht. En ass geduecht als HDR Programm fir Ufänger, an fir den Ufank fir 85$ ze kréien.
-Adobe huet Lightroom op d'Versioun 3.3 aktualiséiert, Camera Raw ass elo bei der Versioun 6.3 an den DNG Converter och. Weider kann een elo bei Adobe den Lens Profile Downloader 1.0 kréien fir eegen Objektivprofiler ze erstellen, ze deelen an erofzelueden.

(all dës News via dpreview.com)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
RockIt 09.12.2010 - 15:10
Unified Color huet den Programm HDR Express fir Windows a Mac erausbruecht. En ass geduecht als HDR Programm fir Ufänger, an fir den Ufank fir ze kréien.

????

wir waat ze kreien? smile fehlt do net eppes?
gloda 09.12.2010 - 16:40
Tiens, den Site acceptéiert et just wann d'Dollarzeechen hannert der Zuel steet. Ech hunn et an d'Rei gesat, dat sollt heeschen "an fir den Ufank fir 85$ ze kréien."
RockIt 09.12.2010 - 19:15
Aah ok smile