Header
Ännerung am Team
(20.02.2006 - 20:46)
Dës Ännerung fier genee ze sin ass dass de Lex nët méi mat Admin vu Photogen ass. Mier 3 (Lydie yoshi an ech) hun et fir besser fonnt fir eis Zesummenarbecht fier zu 3 rem weiderzemaachen sou wéi mer och de ganze Projet ugefaangen hun. Grënn fier daat ganzt sin intern gereegelt, mee d'Entscheedung ass zu 100% vun eis allen 3 sou getraff gin, nët vun engem eenzelnen. Mier hoffen awer dass en eis als User erhaale bleift well séng Fotoen sin jo awer wéi een zou muss gin flott ze kucken.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
anaiya 20.02.2006 - 20:52
Find' ich doof! :/ Da keint der wirklech ewer och e Grond ungin, ech mengen "hun et fir besser fonnt fir eis Zesummenarbecht fier zu 3 rem weiderzemaachen" as jo ewer relativ, "vague" ;] Sorry guys...
Mojoo 20.02.2006 - 21:13
An wann der dem Lex weinstens nach puer Rechter keint loosen? Natiirlech nemmen wann heen iwwerhaapt dorunner intresseiert wier.

Ech denken do z.B un sou Rechter wei Beitreech lächen, soudass een zousätzlech dofir zoustänneg ass deen ganzen Site propper ze haalen. Mee ass naturellement aer Entscheedung an dir hudd beschtemmt och aer Grënn dofir smile
Johny 20.02.2006 - 21:18
Mojoo: Ech versti wuel deng Idee an de Grond wisou's de daat sees, mee wéis de och selwer schon gesoot hues, mier hun eis Grënn dofir.

anaiya: Grond ass einfach dass mer der Meenung sin eis Teamarbecht klappt vill besser wa mir 3 ouni heen weidermaachen, domat ass genuch gesoot, an den Haaptgrond.
Johny 21.02.2006 - 13:45
Lex: Wann mier hei genees hätte wëllen soen dann hätte mer daat gemaach. Dann hätt ech grad su gudd am plaatz eng PM ze schecken direkt PM an News emwandle kënnen. Du muss nët den Informant spillen fier Froen déi un eis gestallt gin, domat ass et eriwer, an dofir hun ech däi Kommentar rem geläscht. Déi PM ass fier dech alleng geduecht.

Mojoo Waat ecn nach wollt soen: Wann mer nach bessen Support bräuchen fir Bäitreech ze aktiveieren an refuseieren, dann fannen mer secher een, dem mer dann nemmen déi Rechter kënne gin.
Lex 21.02.2006 - 13:57
Ech well just soen dat d'Leit déi daat intresséiert och e Rescht hun et gewuer ze gin! Wanns du mer daat net hei erlaabs, bon, da muss ech et alt perséinlech maachen! Ech hu jo nach alles gespäichert closed_eye

Wanns de schon sou Saache wéi ''Iwwerhiewlech'', an och nan aaner saachen behaapts dann stéi och dazou!
Johny 21.02.2006 - 14:03
Du schéngs net verstaan ze hun dass net ECH daat nemme soot mee mir allen 3. Wanns du mengs du misst sou weidermaachen wéi bis lo, mengentweegen, mee sief der kloer dass de vu lo un nët méi Rechter hues wéi all déi aaner Leit (Natirlech och nët manner)
Lex 21.02.2006 - 14:15
Ech hun also nach emmer d'Rescht op méng Meenung huelen ech jo mol un!

An d'Leit wärten déi jo lo wuel käum manner serieux huelen just well ech hier Fotoen ab geschter nemméi kann désaktivéieren... also closed_eye
LuxRescue 21.02.2006 - 14:35
Sorry Jungs

Mee ech verstin ierch net ! Wann een Team(=dei drei zesummen) entscheed fir een net mei als Administrator dobei zehun as dat dem team seng entscheedung! an dann fannen ech dat et blödsin as hei nach zefroen virwaat wou weini a.s.w.
an haet am Johny senger Platz et sou gemach dat een keng komentar hei keint schreiwen an et just als informatioun und user wir

Niewenbei un den Lex an un den johny ech fannen et wir och mei gescheit aer diskussiounen iwert PM / E-mail / GSM an wat et nach sou vun medien haut get zeregelen wei grad hei als kommentar

Merci am viraus Auré

// Desen Message geet geint keen Perseinlech an as just eng frai äusserung //
Johny 21.02.2006 - 14:49
Ech gin der Recht Aurélien, et wir eigentlech besser geweecht dass keng Kommentarer kënne geschriwen gin, daat hun ech kuerz eiert ech se geschriwen hun och geduecht, mee da wiren doweinst Diskussiounen opkomm wisou een dann grad do keng Kommentarer schreiwen kann asw, an den Lex huet sou drop gedrängt dass endlech d'News geschriwen gin sin.

Hätt ech dem Lex lo nach eppes ze soen gehaat, hätt ech et secher per PM gemaach, ass wuel kloer, genee weis de sees, mee et gët nët méi vill ze soen, ech denken mer hun allen 2 alles gesoot.

Ech soen awer direkt derbäi: Demno waat fir Kommentaren nach sollten nokommen sin ech awer gezwongen hei keng Kommentaren méi zouzelooßen, mee daat hoffe jo mol net dass et sou wäit kennt.
mmphotos 21.02.2006 - 14:54
coolclosed_eye

(huelt et op wei der welt)
mmphotos 21.02.2006 - 15:22
Netd ass daat lo falsch vertsaan get.Fannen et net cool dat heen raus as!
amBesch 21.02.2006 - 15:47
Hm, also wann ech éierlech si soll, da stéiert mech dat nët sonnerlech. Ech denke nët dass sech doduerch eppes um Site ännere wäert. Dovun ofgesin muss ech leider soen dass eng Rei Kommentaren vum Lex (fir mäi gout) effektiv och zimlech iwerhieflech eriwerkomm sin (ech stin dozou). De Lex mëscht super Photoen, dorun besteet keen Zweifel. Wat de Rescht ugeet, sou fannen ech dat immens schued, grad well hien sou flott Photoen mëscht.
mi-ma-maika 21.02.2006 - 16:50
bon wees net wierklech waat ech dervun haale soll...kennt mer bessi onlogesch fir datt an engem team vu bis dohinner 4 eng eestemmeg décisioun vun 3 leit getraff get, kléngt dee moment sou no 'rauswerfen'. U sech geet et mech jo net wierklech eppes un, mee ech fannen et net enorm konstruktiv datt lo verschidde leit mengen de lex mussen als iwwerhiewlech dohinzestellen, well waat fotoen kommentéieren ugeet fannen ech ( a warscheinlech och net nemmen ech leng) en awer zimmlech kompetent...mee jidferengem saint, wollt daat just gesoot hun...
Johny 21.02.2006 - 16:58
mi-ma-maika: Nemmen well heen daat Wuert ernimmt huet a sengem Kommentar heescht daat nët dass alleng daat de Grond fier daat ganzt war. A wann an engem Team 3 der Meenung sin dass et ouni dee 4. besser geet, ass d'Entscheedung wuel kloer, daat nennt een Demokratie.
Lydie 21.02.2006 - 17:12
Ech wollt just nach eppes kloerstellen: Ech fannen net dassen mer den Lex lo wirklech "rausgeheit" hunn, well mer haaten jo eigendlech zu drei welles Photogen opzebauen, an hunn zu drei Suen, Zäit an Arbecht dran inwesteiert. (wann och den Johny warscheinlech do den greisten Deel gemaach huet) An dun nodeems dassen mer den ganzen Projet schon online haaten hun mer no enger Zäit decideiert den Lex nach bei ze huelen.
mi-ma-maika 21.02.2006 - 17:13
haat et usech auschliesslech op de kommentar firdrun bezunn, mee daat deet naischt zur saach...as jo am endeffekt och zimmlech egal...mam 3/4 huet op mech nemmen esou gewierkt wéi wann deen 4.einfach iwwergaange gi wier, an an sou engem fall wier et nemmi sou ganz demokratesch, wéi wann d'nummer 4 mol einfach firun de fait accompli gesaat gi wier, mee bon ka jo och un enger onglécklecher formuléierung leien, vu datt ech jo net wees wéi et waar a mer daat och relativ egal ka sin, well ech och lo kee veruerteelen...
RivanerJoe 21.02.2006 - 17:31
Ech géing den Forum hei lo zou machen, éier dës Diskussioun zu enger Schlammschlacht ausart.
Johny 21.02.2006 - 17:36
Gudd Idee