Header
Wiel vun enger Lizenz beim Upload
(20.02.2006 - 00:24)
Vun elo un sin Photogen an Wikipedia Partner. Dëst huet eis folgend Funktiounen bäisetzen geloos:

Beim Upload vun enger Foto kann een elo d'Lizenz wielen ënnert déi eng Foto soll kommen. Hei huet een dann 3 Méiglechkeeten:

- GFDL, woubäi een erlaabt aaneren d'Foto ze gebräuche ënner Conditioun dass dee jeenechen den Numm oder Pseudonym vum Fotograf mat ugët

- Gebräuch op der Wikipedia, woumat een erlaabt dass ouni Nofroo vun Wikipedia, sie d'Foto därfen fier Artikelen op hierer Säit gebräuchen, mee och ënner Conditioun dass se den Numm oder Pseudonym vum Fotograf mat ugin, an och e Link op Photogen

- Iwerhaapt keng wielen, dann gin d'Rechter, wei bis lo och emmer, duerch droits d'auteur gereegelt.


Mir recommandéieren natierlech dass een op manst der Wikipedia erlaabt d'Foto ze gebräuchen, sou fällt hinnen d'Sich no passablen Fotoen fier hier Artikelen méi einfach an an engems ass et eng kleng Reklamm, suwuel fir den Fotograf selwer wéi och fier Photogen.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
nikel 20.02.2006 - 16:46
Du kins eventuell na man dass een daat kenn beim Edit daat mat der Lizentz enneren.
Johny 20.02.2006 - 17:13
Nee daat ass ganz secher net meiglech, daat ass och esou geduet. du kanns jo schlecht abeemol wanns de der Wikipedia erlaabs d'Foto ze huelen einfach mol en Edit maachen dass se se durno nemmi därfen huelen, woubäi se se vläicht schonn an engem Artikel hun. Daat ass ganz bewosst sou wei et och lo ass.
coolpix 20.02.2006 - 17:45
Eng Meiglechkeet "keng Lizenz" => GFDL geiw ech duerchaus sennvoll fannen, ausser den emgedreinten Wee natierlech net. Mee dann misst een io och keng Foto dei ennert der GFDL steet mei lächen dierfen.
nikel 20.02.2006 - 19:23
Jo ech haat amfong geduecht, dass wann een fotoen dei een biss elo eropgelueden huet änneren kinnt, awer dono net mei änneren.
Johny 20.02.2006 - 20:41
@nikel: Jo OK sou eppes keint een eventuell nach bäisetzen

@coolpix: Eng Foto ze läschen, daat Recht kënnen mer de Leit awer nët huelen, an daat heescht jo och net automatesch z.B. dass d'Foto nët mei ënnert der GFDL steet, falls se daat war.
olimi 20.02.2006 - 20:51
Fannen ech super... mee.... dei fotoen dei schon ropgelueden sin... wei kann een deenen eng lizens gin?
Johny 21.02.2006 - 14:59
olimi an coolpix: Et kann een lo bei all Foto folgend Schrëtt maachen:
Keng gewielt -> Wiki -> GFDL. Mee zréck, daat geet nët.
coolpix 21.02.2006 - 20:45
A wann ech eng Foto lächen, weieng Rechter gellen dann?
Johny 21.02.2006 - 23:19
Nach emmer dei selwecht, et seet jo keen dass d'Foto net mei ënnert GFDL z.B. steet wann se un der eigentlecher Source net mei ze fannen ass. Steet jo och neirens dass et net ka sin dass dei Foto enzwech aanescht steet mat Hiweis op GFDL.