Header
6 nei Canon Objektiver
(26.08.2010 - 10:52)
Zesummen mat der EOS 60D huet Canon e puer nei Objektiver de Moien virgestallt.

Canon EF 300mm f/2.8L IS II USM an Canon EF 400mm f/2.8L IS II USM
Dës Objektiver ersetzen hir jeeweileg Virgänger. Béid kruten en neien optëschen Design, goufen op déi nei Generatioun vun Bildstabilisatoren opgerüst (4 Blenden mat verbessertem Modus 2 an engem neien Modus 3 deen just während der Beliichtung aktiv gëtt) an kruten en neit Magnesium-Alloy an Titanium Gehais. Den 400mm ass 28% méi liicht wéi säi Virgänger, den 300mm gouf 8% méi liicht. D'optësch Elementer hunn vun der neister Super Spectra Beschichtung profitéiert. Donieft kruten se nei AF Algorithmen, eng nei CPU fir d'Fokusséieren an et gëtt en neien "Power Focus" Modus deen d'Fokusséieren während dem filmen soll erliichteren.

Canon EF 8-15mm f/4L Fisheye
Mat dësem Objektiv huet Canon dann dat éischt Fisheye dat souwuel zirkular an Full-Frame Biller produzéieren kann. Op der 8mm Mark kritt een op Vollformat Apparater eng 180° Vue. Um Objektiv sinn och d'Brennwäit Astellungen markéiert mat deenen een Fotoen ouni Vignettéierung op APS-C an APS-H Senoren kritt. Fir Flaring an Ghosting ze evitéieren, gouf Super Spectra Coating an Subwavelength Structure Coating benozt. Op der 15mm Astellung kann een och eng Sonneblend benotzen.

Canon EF 70-300 f/4.5-5.6L IS
Dëst soll dann en L Telefoto Zoom ginn deen d'Leit sech emol leeschten kënnen. D'Objektiv huet en USM Motor, as Wiederofweisend, hiet 4-Blenden Bildstabilisatioun an eng minimal Fokusdistanz vun 1.2m.

Canon EF 500mm f/4L IS II USM an Canon EF 600mm f/4L IS II USM
Déi hei Objektiver sinn nach net prett, mä et gouf annoncéiert dass Canon amgaangen ass déi ze entwéckelen. Par Rapport zu hiren Virgänger kréien dës Objektiver en neien optëschen Design, méi eng liicht Konstruktioun an waasserofweisend Beschichtungen.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gtaddei1 26.08.2010 - 20:01
Jo daat schlemmst ass dass den 14-24 nitt dobai ass , mé én FE ZOOM (?) also ... an de rescht fir d'Professioneller
gloda 27.08.2010 - 10:00
Gell, ech hat och gehofft dass den 14-24 dës Kéier géif kommen... dat eenzegt wat am Moment nach erwaart gëtt fir dëst Joer sinn nach 2 grouss wäiss Objektiver déi sollen aktualiséiert ginn.
gtaddei1 27.08.2010 - 11:40
Jo ... ech mengen dei wellen dén guer nett maachen.
Et waer jo super:
1- 14-24
2- 70-200/300
3- 24-70 IS
4- 8-15 FE

an daat waer et

Apparat =1300 grammes
4x1200 grammes
de Kuerw ,
d'Batterien
De Bifi an den Zwan
E puer Filteren an den Flash
Den Trétongueied


et finalement den Sherpa.

Voilà

Soss: Sony Nex 5 18-55/16mm /an wann en do ass 18-200
Daat ganzt fir 500-700 grammes
Den Alter dét sech spieren