Header
Canon EOS 60D
(26.08.2010 - 10:24)
Canon huet haut de moien hier neist DSLR, d'EOS 60D virgestallt.

-18MP APSC CMOS Sensor, ISO 100-12800, Digic4 Prozessor
-5.3 fps
-9 AF Punkten
-Integréierten Speedlite Master
-Boitier aus Plastik, schléckt SD Kaarten
-Schwenkbaren 3" Bildschierm
-Basic+ Funktiounen (à la "Scene" Modus op den Point&Shoot Apparater)
-RAW kënnen am Apparat verschafft ginn, dann als JPEG gespäichert ginn. Et gëtt och "Creative Filters" (z.B. Grainy B/W, Soft Focus,...)
-1080p @ 30p, 25p, 24p; 720p @ 60p, 50p.
-neien Knäppercher-Layout, z.B. en neien Quick-Control Knäppchen an en Multi Contol Dial.
-Ech hunn näischt fonnt iwwer en Release-Datum oder en Präis. (Update: Gizmodo.com seet "00 (body only, or 00 with an 18-135mm kit lens)")

(via canonrumors.com an dpreview.com)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 26.08.2010 - 10:24
DPReview huet e puer Fotoen an och schon en "Hands On:" http://www.dpreview.com/news/1008/10082620canoneos...
gloda 26.08.2010 - 10:29
Also, sou wäit ech dat gesinn, an dpreview seet eppes ähnleches, gouf d'00D Serie no ënnen geriicht. "Rather than being a direct upgrade replacement for the 50D, it's perhaps better understood as a 'Super Rebel.'" Et gesäit aus wéi wann hei éischter den Ufänger/Enthusiast soll ugesprach ginn (Basic Funktioun? Höh? Als nächst kann een dann nach Polaroid Rummen iwwer d'Bild setzen...?) ewéi een deen an d'Prosumer Gamme eropwiesselen wëll. Wéivill Sënn dat mecht hänkt an méngen Aan wierklech vum Präiss of, an doriwwer hunn ech nach näischt erausfonnt.
gtaddei1 26.08.2010 - 10:35
De präis ass e bessi mei heisch ewei 50D an manner ewei d'7D
Et ass eng nei Genratioun vun Knippserten vun Canon matt der Technologie vun der 7D awer mat e bessi mei Spillsachen drunn.
Et ersetzt komplett 50D .
An ... mir warden nach emmer op den 24-70IS, an op den 14-24 vun Canon ...
Kennst du do neischt maachen?
smile

PS: Lancement 60D: = Photokina (mé dei gett schon villeicht virdrunn distribueiert)
gloda 30.08.2010 - 12:38
Eng Rumeur ass am Moment dass d'EOS 1DsMkIV virun der Photokina virgestallt gëtt, zesummen mat engem neien Objektiv. Vläicht dann den 24-70IS?
gtaddei1 30.08.2010 - 14:49
den 24-70 ass net um programm anscheinend
Geko 26.08.2010 - 15:44
Dat do ass lo schon den 2. Upgrade an et ass nach ëmmer näicht dobäi, wat mech géif bewegen, méng 40D ze tauschen. Mir gefällt déi nei Ausriichtung vun de 2-stelliger Serie nët, mee et war domat ze rechnen no der 7D.
claudedh 26.08.2010 - 15:52
Body: 1099.-TTC
60D 18-55IS: 1199.-
60D 18-135IS: 1349.-
60D 17-85IS: 1399.-
60D 15-55 2.8 IS: 1999.-
Praisser provisoresch (beim Fotocenter)

Délais: Keng Ahnung. Sou wéi et ausgesait änn-september - ugangs-oktober

wuff 26.08.2010 - 16:16
Déi gréissten Neierung as fir mech den schwenkbaren Display wann een dann esou een brauch