Header
4 nei Nikon Ojektiver
(19.08.2010 - 10:32)
Nieft der Nikon D3100 goufen haut 4 nei Objektiver virgestallt.

85mm f/1.4G II
Dëst Objektiv ersetzt den 85mm f/1.4D IF. En neien opteschen Design, en 'Silent Wave' Fokus Motor, eng 9-deeleg Blendenëffnung, Nano Crystal Belag, en Magnesium Alloy Gehais an Waasserofsigelung. Ze kréien ab Ufank September fir en RRP vun 1549€.

55-300mm f/4.5-5.6 G ED VR
En Objektiv fir DX Apparater mat VRII Bildstabilisatioun an Trépied-Detektiounsfunktioun. 'Silent Wave' Fokus Motor. Ze kréien ab Ufank September fir en RRP vun 379€.

28-300mm f/3.5-5.6 G ED VR
Fir FX Apparater gouf dësen Superzoom annoncéiert, mat VRII Bildstabilisator, minimaler Fokusdistanz vun 50cm. Ze kréien ab Ufank September fir en RRP vun 899€.

24-120mm f/4 G ED VR
Fir FX Apparater gëtt et demnächst dëst All-Round Objektiv mat VRII Bildstabilisator, Nano Crystal Beschichtung an deelweis Wiederofweisend. Ze kréien ab Enn September fir en RRP vun 1099€.

Déi komplett Pressematdeelung kënnt der hei erofluden: http://thephoblographer.files.wordpress.com/2010/0....

(via dpreview.com an thephoblographer.com)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Kwitchibo 19.08.2010 - 19:39
85mm ilike mee den Preis aua...
mmphotos 20.08.2010 - 00:38
Ganz denger Meenung!
patrickr 25.08.2010 - 17:14
(geläscht)
Kwitchibo 25.08.2010 - 20:49
ech mengen net das daat 1.4 daat as waat WOW wärt sin mee glieser wou se haut benotzten sin einfach besser (oft!) wei dei "aal"...fuarwen schärft an esou weider
mee et as wouer das et een immenst Objektiv as 1.8!

Nicon07 19.08.2010 - 22:20
Ma dat ass jo schon erem eppes fir d'Krëschtkënchen. Endléch gi mir FXler och mol neess bedingt. Hoffentléch ass deen neien 24-120 besser an der Verzerrung, wéi deen aktuellen. Da géif ech mäin ëmtauschen..lol