Header
Eppes ganz klenges
(24.01.2006 - 13:05)
Jidfereen kann elo beim Profil ënner Astellunge, wielen ob en wëll Detailer an der Galerie gesin wéi eben wéivill Comments bei enger Foto sin, weivill d'Vote-note ass, weini se ropgelueden gin ass an wei oft se gekuckt gin ass. Wen d'Foto gemaach huet, steet emmer derbäi, äusser an der User Galerie.

Ech hu gemengt et kann näicht schueden sou eng kleng Funktioun bäizesetzen, et kann jo dann jidfereen maachen wéi en wëll. Ech perseinlech fannen et mei flott d'Fotoen ouni 4 Zeilen Text drënner ze kucken :).

Dann ass och nach eppes klenges bei den Neien an den Top Fotoen geännert gin, do dierft Dier awer an tëschen Zäit nët mei vill derfun mierken, et mëcht awer haaptsächlech mir d'Saach méi einfach wann eppes an der Galerie muss geännert gin.

Gëschter konnt een dofier och nët, wann een neitst Fotoen gekuckt huet, déi nächst direkt uewendriwer och uklicken, mee daat geet elo rem ouni Problem.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
benem 09.02.2006 - 19:49
As ok, wat ech nach géif änneren wier d'Comments der "logescher" Reihenfolg no ze sortéieren, d.h. vun mi aal no nei, an net emgedréint.
Liest sech méi einfach bigsmile
Johny 09.02.2006 - 21:37
Nee da muss ee vir all neien Comment roofscrollen an daat nervt smile
Mojoo 10.02.2006 - 16:47
Fir mech ass et mei logesch dass di nei Kommentarer direkt uerwen stin.
yoshi 10.02.2006 - 18:13
ech fannen et och sou wei et lo ass besser
coolpix 10.02.2006 - 22:04
ack smile.
benem 11.02.2006 - 20:15
Hmm ech fannen et as emständlech wann een d'Kommentarer éierens liest an et as een net "vun ufank un" bei der Diskussioun dobai, dann muss een vun ennen no uewen liesen, an daat as onbequem an onlogesch.
An enger Chronik stin déi Saachen, déi als Läscht geschitt sin, jo och net op der éischter Sait, mee et fänkt een mat däer Saach déi am längsten hier as un closed_eye
coolpix 11.02.2006 - 22:39
Do keint een io dann fier dei onzefridden User nach eppes klenges abauen daat'en se am Profil astellen kennen wei sie et wellen ugewisen kreien, ass io keng grouss Saach am PHP closed_eye. Mee ech fannen daat hei am logeschsten smile.
Johny 12.02.2006 - 01:09
Et sin awer definitiv mei Leit dei dei neitst Kommentarer emmer wëllen/bräuchen ze liesen, wei der dei bei eng Foto kommen an eng ganz Diskussioun noliesen.
coolpix: Pass op waats de sees .. du wees ganz genau dass daat net am PHP ass smile
coolpix 12.02.2006 - 01:16
Ech huelen un daats de den MySQL Query mengs, mee trotzdem muss d'PHP-Arbecht gemaach ginn daat den User 2 Radio-Buttons a sengem Profil huet an do seng perseinlech Präferenz späicheren kann...
Johny 12.02.2006 - 01:17
Loosse mer lo net ze pingelech sin an Jo soen closed_eye.
benem 12.02.2006 - 18:24
Johny, du wees waat's de ze maachen hues closed_eye
Johny 12.02.2006 - 23:34
Eis Partnersäite gi fier, lo gët mol eppes fir déi gemaach .. smile (iwregens hun ech eng Todo-lëscht wou 13 Saachen nemmen fir Photogen drop stin ...)
benem 13.02.2006 - 21:58
ok.
Wéieng Partnersaiten? closed_eye
Johny 13.02.2006 - 22:33
Wikipedia ...