Header
Adobe Lightroom 3
(08.06.2010 - 11:31)
Adobe huet haut d'Versioun 3 vun hirem Bildbearbeschtungs- an Katologprogramm Lightroom verëffentlecht.
Nei par Rapport zur leschter Versioun sin ënnert anerem:
-eng verbessert Performance,
-Objektiv Korrektur,
-verbesserten Filtrage géint Bildrauschen,
-Ënnerstëtzung fir HDSLR Video,
-Integratioun mat Flickr,
-méi einfach Waasseerzeechen,
-Slideshows mat Musék,
-ugebonnen fotograféieren (tethering),
-einfacht Importéieren vun Fotoen,
-Perspektivkorrektur,
-Analogfilm Rauschfilter,
-méi flexibel Drockvirlagen.

Méi Info: http://www.adobe.com/uk/products/photoshoplightroo...

Präisser:
286,35€ fir nei User oder 92€ als Upgrade vum Lightroom 1 oder 2. Adobe Store Luxembourg

Éischt Reviews an Artikel:
Thomas Hawk.
CNET.
John Nack.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Kwitchibo 09.06.2010 - 01:52
smile an mert 286.5.- unhappy closed_eye
gloda 09.06.2010 - 16:02
-30% wann s de et zesummen mat engem CS5 Produkt keefs.
Zylla 09.06.2010 - 08:41
Kann ee mer w.e.g. den Ënnersched vum Lightroom op de PS erklären, ech hunn dat bis elo nach net erausfond. Oder anescht gefrot: Virwat Lightroom an net PS? Ech hunn de PS3 a sinn eigentlech ganz zefridden dermat. Wat mecht also déi grouss Differenz aus?
Merci am Viraus
gloda 09.06.2010 - 16:01
Kuerz a knackeg: Lightroom as fir vill Fotoen séier ze verschaffen, Photoshop ass fir eng Foto am Detail ze verschaffen. Et ass méi dohannert wéi dat mä lo hues de eng Iddi.
Zylla 12.06.2010 - 19:30
Merci fir d' Info, Gloda. Wen also vill Reesfotoe wéi ech mécht, deet also net schlecht drun, sech de Lightroom zouzeleeën.