Header
Stil Ännerung
(16.01.2006 - 03:04)
Mat denen Funktiounen dei engem ugemelltenen Member schlussendlech zur Verfügung stungen, war, wann een eng Foto gekuckt huet, zimlech vill Text ënnert der Foto, an soumat ass een nët richteg eens gin, haat keen Iwerbléck. Do duecht ech mer, ech géif emol puer Saachen dodrun änneren, an daat ganzt mei praktesch, flott an iwersiichtlech maachen.

Et sin méi Grafiken dran, Kommentarer gin iwert déi ganz Breed ugewisen (Waat och e laangen Kommentar méi lieserlëch mëcht), an wann een en Kommentar schreift, kann een elo nët nemmen direkt d'Foto och als Favorit bäisetzen, mee och direkt eng Vote-Note mat ugin.

Ech hoffen d'Ännerungen gefaalen ierch, mir op jiddefall sin allen 4 zimlech zouversichtlech dass dëst besser ass. E bessen muss ee sëch wuel drun gewinnen, mee sou vill wéi mir hei Fotoen kucken alleguern, dieft daat dee mansten Problem sin ;).

Falls nach iergent wou sollten Feeler optrieden, waat ech natierlech net hoffen an eigentlech och probéiert hun ze vermeiden, dann schéckt mir (Johny) eng E-mail oder eng PM. Obwuel ech zimlech alles 100 mol getest hun, kann emmer nach eng schief laafen, dier kennt jo Murphy's Law.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
coolpix 16.01.2006 - 10:58
Super, gefaellt mer besser wei daat aanert smile.
Johny 16.01.2006 - 13:25
Tiptop smile
gloda 16.01.2006 - 14:34
Vill méi Iwwersiichtlech. Merci.
Lex 16.01.2006 - 17:02
Eppes verstinn ech net, waat soll deen disabled do wann een d'bewärtung désaktivéiert??? D'ass dach soss och alles op Letzebuergesch!
An kann een nach iergentwéi kucken wéivil ween genau bei enger Foto gevote huet?
yoshi 16.01.2006 - 17:02
Everything that can go wrong goes wrong smile Mengen hei hun mer deen Problem awer net closed_eye
yoshi 16.01.2006 - 17:06
@Lex: Disabled misst een wuel änneren, daat haat ech na net probéiert. Zu dénger Fro: wanns de bei "Bewärten" gees dann kanns de kucken ween wéi gevote huet.

@Johny: mir ass grad opgefall dass ech keng Äntwert konnt schreiwen, also dass de ennert demLex sain Kommentar ugewisen gett.
Johny 16.01.2006 - 17:34
Ass dach egal ob do steet disabled oder äusgeschalt closed_eye.
Jo bei den News geet daa nët, mee bei allen aaneren (Tuts an Fotoen) awer.
yoshi 16.01.2006 - 17:43
Et ass alles op dem Site op Letzebuergech, dann ass et och net egal, wann een Wuert et net ass closed_eye
Johny 16.01.2006 - 17:47
Et ass nët wouer dass alles op lëtz. ass smile. Oder mengs de "Views" oder "Hits" wir lëtz. ? Just dofier gin eng keng passend Wieder an eiser Sprooch. An "News" ass och nët lëtz. ... et loossen sech och secher nach aaner Saache fannen closed_eye
yoshi 16.01.2006 - 17:50
Jo mee daat sin Saachen, déi mettlerweil hei zu Letzebuerg och an d'Sprooch intégréiert gin sin. Ech hun nach nie een héieren soen "Oh, mir hun d'Stroumrechnung net bezuelt, lo hun déi eis den Stroum disabled" closed_eye
Schliesslech gett et jo bei desem Wuert en Letzebuergecht: ausgeschalt
coolpix 16.01.2006 - 17:57
Johny: Den PM un den Auteur hei bei den News geet net.

OT: @yoshi: Do giff oofgespaart wuel besser passen smile
Johny 16.01.2006 - 18:02
OK änneren ech gläich nach.
Jo äusgeschalt passt do sws nët .. Mee am lëtz seet een awer "d'Foto ass 10 mol gekuckt gin", an nët "Se huet 10 Views". Just daat aanert muss an engem ganzen Saatz sin soss passt et nët.