Header
Cooliris - E coole Plugin och op Photogen
(11.04.2010 - 20:52)
Wen Cooliris nach net kennt, sollt sech et emol ukucken: http://www.cooliris.com
Dëst ass e Plugin fir de Browser (Ënnerstëtzt Safari, Firefox an IE) fir op eng méi flott Art an Weis Fotoen kënnen ze kucken. Scho säit dem Update virun engem Joër kann ee Fotoen esou kucken, allerdings gëtt dës Funktioun nach net vill genotzt dofir gëtt et hei eng Kéier extra virgestalt.

Wann een en Internetsite huet deen dat ënnerstëtzt (Wéi z.B. och nach Facebook oder deviantArt), kann een de Plugin starten an d' Fotoen an enger 3D Galerie kucken. Mat Klick drop kann ee se grouss kucken. Hei e Beispill beim Browsen:




Dat funktionéiert Live, d.h. während deem een duerch d' Fotoen geet ginn d' Fotoen gelueden d.h. wann d' Fotoen net séier geluede ginn dann ass et Är Leitung déi e bëssen ze lues ass. Allerdings dieften déi aktuell Minimum DSL Speeds scho gutt duergoen fir propper esou eng Galerie kënnen ze kucken.

Dir braucht op hierem Site net ze sichen no der richteger Versioun fir Iech an Äre Browser, dat gëtt alles automatesch erkannt. Also einfach erof lueden an installéieren, et ass definitiv derwärt. Eenzege Problem mat Browser bis elo: Safari op Snow Leopard muss am 32-bit Modus lafen fir dass Cooliris richteg funktionéiert - dat geet mat rietsklick op den Safari Icon am Finder -> Programme (oder Applications op Englesch), an dann e Krop maachen bei der Optioun "Öffnen im 32-bit Modus".

Vill Spaß :)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Chrissie 11.04.2010 - 21:03
dass zwar eng fein saach bigsmile an (!) et kann een fottoen och sou kucken dei een selwer um pc huet cool
Charly 11.04.2010 - 23:15
Gesäit flott aus, mee nach een plugin deen nach en weideren Risiko op Secherheetslücken as ... ech perséinlech brauch daat wierklech nët an ech fannen och nët dat et domat méi séier get fir Biller ze kucken.

Hmm firwaat funktioneiren dann elo beemol keng Accents an Umlauten mei?
Johny 12.04.2010 - 00:21
Wann een just no Sécherheet geet asw, däerf ee säi Computer net un den Internet schléissen smile

Accenten funktionéieren, no Reload ... klenge Feeler to fix, steet op der todo.
Gaga 11.04.2010 - 21:54
ey meng foto as och do dran ! cooliris !

PS :
klengen hocken fier t'serien ! unhappy
mais soss tip top als slideshow ! smile
McQueen 11.04.2010 - 21:55
an esouguer ouni Fleck um Sensor
(sorry konnt net annescht) smile
McQueen 11.04.2010 - 21:54
cool, gett getest
Merci smile
marischen 12.04.2010 - 15:16
Hunn et rofgelueden mee ech hu keng Ahnung wéi ech dat lo uwende kann sad Wou klicken? Wou aktivéieren?
Johny 12.04.2010 - 15:32
A wat fir engem Browser hues de et dann? smile Duerno kann ech der soen wou et genee aktivéiert gëtt.
Gaga 12.04.2010 - 16:48
du hues bei den fotoen ennen lenks esou een icon mat 3x3 quadrater ... einfach klicken ! closed_eye
Ochiniwa 12.04.2010 - 20:01
Fonktionneiert bei mir net bei Photogen.lu obschon en bei aaneren Siten fonktioneiert. Benotzen Firefox 3.5
Johny 12.04.2010 - 20:07
Den Icon ënnen an de Fotoen gëtt effektiv net emmer gewisen respektiv sinn do nach Browser-ënnerscheeder. Mee riets uewen huet een awer och en Icon, an der Tasklëscht vum Firefox selwer, wou een cooliris kann starten
marischen 12.04.2010 - 21:47
aah jo, hu fonnt smile merci villmols
Kwitchibo 12.04.2010 - 19:44
erem TOP smile