Header
photogen.lu iPhone App(ril Appril)
(01.04.2010 - 00:22)

Et gouf eng éischte Kéier 2005 virum PG Update dovu geschwat, an elo as et eou wäit: d'iPhone App fir photogen.lu steet an de Startlächer. Sorry fir déi wou am Forum gesot kruten dat géif net gemaach gin: zum enge sollt et eng Iwwerraschung sin an zum aneren wosste mer nach net ob d'App géif vun Apple fräigeschalt gin.
D'Screenshots hei sollten ierch schon eng gudd Iddi gin dovun wat mat der App méiglech as.




E puer Detailer zur App:
Fotoen
D'Startsäit as geduecht als Zort Quick-Fix fir déi wou zwëschenduerch wëlle kucke wat op PG leeft. De Virdeel zu engem RSS Reader as dass den Layout besser un den iPhone ugepasst as, an dass een direkt duerch d'iPhone Interface kann op d'Fotoen kommentéieren.
Forum
Den Forum as u sech dat selwecht wéi op photogen.lu selwer, ausser dass den Layout un den iPhone ugepasst gouf fir dat ganzt méi lieserlech ze maachen, zB. keng Avataren.
Bäitrag
An dësem Menu kann een nei Fotoen op PG eroplueden. Entweder et mecht een dee Moment eng nei mat der agebautener Kamera (net disponibel um iPod Touch) oder et wielt een eng aus dem Album aus. De Virdeel vun der zweeter Optioun as dass d'Foto fir d'éischt kann an enger anerer App verschafft gin. (Opgepasst: all Fotoen déi mat der photogen.lu App eropgeluede gin mussen d'éischt akzeptéiert gin, och fir fräigeschalt User.)
Nobäi
Dës Funktioun benotzt ären aktuelle Standpunkt fir User a Fotoen vun nobäi unzeweisen. Dat éischt as praktesch op groussen Evenementer fir aner PG User ze fannen. Et kann een hinnen direkt vun deem Menu aus d'Usersäit kucken, eng PM schécken, oder, wann se hier Telefonsnummer am Profil gespäichert hun, uruffen. Dat zweet as praktesch fir ze gesin wat aner Leit vu Fotoen an der selwechter Géigend gemaach hun wann ee selwer keng Iddi huet. (Dës Funktioun get disponibel nodeems Geotagging op photogen.lu ënnerstëtzt get, dat misst bis dohin prett sin.)
PM
Hei kënnt der Messagen un aner User schécken oder vun hinne geschéckt kréien. Den System as mam PM System op PG verknäppt. Wann der eng nei PM kritt an der hutt Push Notifications aktivéiert kritt der dat direkt op der App Icon ugewisen, d'selwecht wéi bei Mail oder Facebook.

D'App gouf vun Apple provisoresch approuvéiert, a misst den an zwou Wochen, den 15. Abrëll am Appstore verfügbar sin. Wee scho virdru virwëtze wëll kann den 7. Abrëll op den Fototalk am Clubsall kommen fir d'Developer Versioun schon op den Apparater vun den Comitésmemberen déi d'App mat getest hun auszeprobéieren.

Update:
Fir déi wou et not sollte matkrit hun; et handelt sech effektiv em e klengen Abrëllsgeck deen ech mer erlabt hun :) Ech hoffen ech hun der e puer vun ierch dru kritt, oder dass et ierch op d'mannst schmunzele gedoen huet. D'App as zu 100% am Photoshop entstanen. E puer Detailer, gewollter an ongewollter, un denen een dat erkenne konnt:
-D'Reihefolleg vun de Messagen am PM Chat as verdréint par rapport zu den Auerzäite wou se geschriwwe goufen.
-Et as u sech PN, net PM.
-22:45 PM get et net.
-Et hätt misse LUXGSM sin, net LuxGSM. (Ech hu just en iPod dofir war mer dat net opgefall.)
-De MarcGerard huet séng Fotoen op der Kaart mat Geotagging versin, mee hee wosst näischt vun der App.

Schéi Feierdeeg,
gloda
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
dr_kim_veis 01.04.2010 - 00:32
krass! congrats!
annemie 01.04.2010 - 00:33
Nice! photogen sin dei coolst smile
Gaga 01.04.2010 - 00:35
jeil ! TOP !
merci un all matwierkend ! decke gas daat do !!!
tongue
MarcGerard 01.04.2010 - 00:36

wat eng flott iwweraschung smile
halos 01.04.2010 - 00:36
gail, hätt een elo na een iphonetongue
annemie 01.04.2010 - 00:41
ey dei nobei funktioun klengt zuar sau rauh!
...endlech fent een d'Leit op de meetings einfach erem.

geilo smile
yoshi 01.04.2010 - 00:53
Verspillt Photogen dann och e puer iPhonen pünktlech mam Start fun der App? bigsmile
JADE 01.04.2010 - 01:05
zevill schued awer dass ech keen IPhone hun :-(

closed_eye
tongue tongue tongue
mojikosu 01.04.2010 - 01:12
free mech drop! gesait jo top aus smile
Mexx 01.04.2010 - 01:25
wuhu, ech hun mer sou eng schon dei ganzen zait gewenscht bigsmile
m-otiv 01.04.2010 - 01:59
daat freet mech fir iech an fir eis smile kann et kaum erwaarden....gratuléieren dir ligener do :-P
Metalbambi 01.04.2010 - 02:01
Den eichten richtegen Grond vier sech en iPhoune zouzeleen...! bigsmile
Geilt Geschier
m-otiv 01.04.2010 - 20:40
Du bass net mei mein koleeg smile
xaph32 01.04.2010 - 06:50
Cool closed_eye
Geko 01.04.2010 - 07:15
Mat engem liichte Viirbehalt nom Bléck op de Kalenner: SUPER!!
Laurent76 01.04.2010 - 07:25
Top!
xda 01.04.2010 - 08:46
Hehe,
hun zwar keen IPhone gesait awer cool aus smile
mol kucken op dei Noricht Muer och nach richteg ass smile
spako 01.04.2010 - 09:10
Ah super!!! smile wei praktesch dorops freen ech mech schon!

(et huet jo aawer naischt domat ze fin dat mer haut den 1. Abrell sin oda?)
sgurel 01.04.2010 - 09:15
Endlech!!! Cool
pitchul 01.04.2010 - 09:46
Génial
Locke 01.04.2010 - 10:13
Ech well eng fir WinMobile *motz* all dei militant Apple User hei tongue
Steve-29 01.04.2010 - 10:38
Ho huet sech ob jidfer fall een vill arbescht gemach. Cool gemach. Mee deen Datum haut... closed_eye
Fesch 01.04.2010 - 10:54
Waaaaaahhhhnnnnsinnnn smile

Super Saach!
Nicon07 01.04.2010 - 11:45
Firun 11 Stonnen a 15 Minutten huet och een neie Mount ugefaangen.... smile


Ech hoffe jo mol, datt dat, wat hei steet och mar nach ëmmer richteg ass.... closed_eye
Fesch 01.04.2010 - 15:09
Effektiv ... nodeems ech elo schons divers aaner komesch Saachen am Netz gelies hunn, sinn ech mir deës och bewost ginn.... sad
JADE 01.04.2010 - 13:55
op jidefall eng immens Aarbecht!
ludiol 01.04.2010 - 19:00
hahahaha gudden Witz. Haat mech schons deck drop gefreet wi ech de moien photogen.lu opgemaach hun an dun dru geduecht dass et den 1.Abrëll ass
Kwitchibo 01.04.2010 - 19:54
smile
wuff 01.04.2010 - 21:00
Super daat do, daat wärd eng vun méngen lieblings App's gin daat wees ech lo schon. Merci lo schon un all déi déi um Projet bedeelegt woren.
Miisamm 02.04.2010 - 07:33
Just en detail: 22:45 PM?!??! um 4. Bild
Owes an owes oder wei?!
Schmengen net, ausser deen Iphone ass Schitzofreen oder sou closed_eye

An et ass net LuxGSM um Iphone mee LUXGSM.

jejeje closed_eye
Johny 02.04.2010 - 08:32
Wann een duerno sicht fënnt een et ... mä sot dem gloda et roueg, soss ass hien jo den den all Detail auserneen hellt bei de Fotoen tongue
Baba 03.04.2010 - 11:28
Majo Dann. Daat wier et zwar gewiescht. Also mech hudd dier kritt Domadden.

Mee trotzdem wier et eng immens interessant App.
wuff 03.04.2010 - 15:08
Jo, mech hudd dir och erangeluercht. Mais d'iddi wier net schlecht esou eng App ze hun.
Knipser 03.04.2010 - 15:22
Ech mengen den Johny huet do een Selbstgool geschoss, elo hun bestemmt vill User appetit op eng App fier den Iphone krit, an et wärt nach bestemmt méi ewí een hien froen fier esou eppes ze programméeren.
Johny 03.04.2010 - 15:41
Ech mengen du hues net opgepasst: De gloda huet dat do gemaach an ech selwer wosst bis den 1. Abrëll näischt dovu, just dass en eppes wollt maachen tongue An egal wéivill Appetit se gemaach kréien, vu mir wärt et ni esou eng App ginn. Ech komme jo schonn net no fir all déi aner Wënsch um Site ëmzesetzen... Mä wéi am Forum geschriwwen, sollt en anere sech bereed erklären eng ze maachen, dann wär et vläicht méiglech.
Knipser 03.04.2010 - 18:30
ups, hat ech net matkrit, jiddefalls gudd gemeht Gloda.
david 06.04.2010 - 12:44
Ech hun leider net wirklech Zeit fir soueen App ze schreiwen... mee meiglech ass et...

Mee d'App huet sech awer gudd persenteiertsmile Gudd Gloda!