Header
Generalversammlung - Resultat
(21.03.2010 - 23:51)
Den 13. Mäerz war jo bekanntlecherweis eis Generalversammlung vun 2009. Hei waren net immens vill Memberen vertrueden - wat e bëssen schued war. Trotzdem hu mer gutt Neiegkeeten ze berichten: an zwar ass ab elo den Oli Kerschen offiziell am Comité mat drann, souwéi de Paul Metzler an d' Anouk Hartmann. Den Stéphane Zuède hat nach um Schluss vun 2009 sech aus dem Comité zréck gezunn, aus zäitleche Grënn.
Eise Comité besteet elo aus 10 Leit a mer soën deene Leit Merci déi eis wëlle weiderhëllefen, an eis ënnerstëtzen.

E ganze Résumé kritt all Clubmember per E-Mail geschéckt.

mbg,

Johny
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 22.03.2010 - 13:03
Wohoo, vill Spaass am Comité den neien Memberen smile Mat e bësse Chance kann ech och mol op déi nächst Generalversammlung kommen.