Header
Kleng Ännerung um Home & Photo Talk !
(24.02.2010 - 23:24)
Elo grad ass d' Startsäit ganz bëssen ugepasst ginn. Et ass elo eng Këscht déi alles weist wat aktuell ass, dozou zielen Konkueren (Wa se lafen, d'Ofstëmmung an herno wann de Gewënner feststeet), Workshops, Meetings an Neiegkeeten. Sou huet een hei alles méi beieneen, an d' Meetings huet een och direkt am Bléck, déi virdru jo guer net do waren. Et wärten nach kleng Saachen op der Startsäit sou geännert ginn geschwënn, mee näicht gréisseres.

An dann wollt ech iech alleguer invitéieren op eisen Phototalk dee mer all éischte Mëttwoch vum Mount am Clubsall hun, an wou mer dës Kéier eppes spezielles mat ze bidden hunn: http://www.photogen.lu/?page=showmeeting&id=74
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
klex 25.02.2010 - 00:46
all éichte mettwoch an der woch smile cool den 3. sin ech wascheinlech suguer do
Johny 25.02.2010 - 10:23
Néirens stung / steet eppes vun Woch smile

Wat heescht hei warscheinlech ... du hues do ze sinn wanns de am Land bass tongue
klex 25.02.2010 - 14:33
vu mount awer o net closed_eye ma si normalerweis am land, wert och dosin dann
dr_kim_veis 25.02.2010 - 04:39
cool aennerung. gefaellt mer well mei iwwersiichtlech...
Johny 25.02.2010 - 10:23
Dat liest ee gäer smile
gloda 25.02.2010 - 11:06
Gefällt mer. Virun allem dass een méi rezent Forum Themen gesäit.
gloda 28.02.2010 - 21:23
Oh 't as mer lo réischt opgefall dass d'Annoncen och op der Startsäit stin. Top bigsmile