Header
Sigma: 5 nei Objektiver an 1 DSLR
(21.02.2010 - 11:22)
Am Kader vun der PMA 2010 huet Sigma fënnef nei Objektiver an eng DSLR annoncéiert.
-Den 85mm f.14 EX DG HSM fir Canon, Nikon, Pentax, Sigma a Sony dierft interessant fir Portraitsfotografe sin.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022015sigma85m...
-Den 70-200mm f2.8 EX DG OS HSM fir Canon, Nikon, Pentax, Sigma a Sony lackelt mat 4-Stop Bildstabilisator.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022016sigma70m...
-Den Standard-Zoom 17-50 f.28 EX DC OS HSM fir Canon, Nikon, Pentax, Sigma a Sony bidd méi e wäite Wénkel wéi bis ewell an deer Kategorie vu Sigma.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022014sigma17m...
-Den APO 50-500mm f4.5-6.3 DG OS HSM erweidert den populären Ultra-Telephoto Zoom vun Sigma mat 4-Stop Bildstabilisator. Fir Canon, Nikon, Pentax, Sigma a Sony.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022010sigma50m...
-Als fënneft Objektiv annoncéiert Sigma den breedsten rektilinearen Wäitwénkel deen et bis ewell fir APS-C Kamerae get, mat engem Bléckwénkel vun 121°. Fir Canon, Nikon, Pentax, Sigma a Sony.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022011sigma8mm...
-Sigma ré-annoncéiert dann och d'SD15 DSLR mat engem 14MP Foveon X3 Sensor, 3" LCD, an 3fps.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022009sigmasd1...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
pitchul 21.02.2010 - 20:03
50-500 mat stabilisator ? Interessant smile
Laurent76 23.02.2010 - 11:17
an den 70-200mm endlech mam Bildstabilisator. Och ganz interessant, zumindest wann den Preis +/- deen selwegten bleiwt.
Mee beim 50-500mm mecht deen zumindest net manner Senn...!

Fehlen vum OS war een vun den Haaptgrenn firwaat Sigma ze selten an enger Wahl komm ass....