Header
Fotoen & Video vun der Erëffnung
(19.01.2010 - 19:55)
Als éischt wëlle mer nach eng Kéier alleguer de Leit merci soen déi do waren! Et war wierklech flott souvill Leit do ze hunn.
Hei sinn Fotoen vun der Erëffnung vun der Erëffnung:
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_meeting...

An eise user de Val huet souguer e Video gemaach an en séier zesumme geschnidden:
http://files.photogen.lu/video/Photogen_studio_ope...
De Video kann mam VLC Player problemlos gekuckt ginn, oder iTunes asw ...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Kwitchibo 19.01.2010 - 20:06
Et war wirklech Flott merci un all dei do waren!

BIG UP!!
gloda 19.01.2010 - 20:11
Boah Jongen a Meedecher dir sidd immens, flott dass der un déi geduecht hudd déi net konnte kommen. Much respect. Ech zéie mer dat do lo eran (bon an 20 Minutten heescht dat. "Broadband"... ehe.)
klex 19.01.2010 - 20:18
cool ! wat lo fehlt wär d'Reihenfolg vun de Leit (mat Usernumm) wi se an de Studio erakommen, da wéisst een dat och emol smile vive de Val
Johny 19.01.2010 - 20:47
Also ech hun de Video lo net nach eng Kéier gekuckt, mee et fängt un: Johny - Marcgerard ... tongue
deendo 20.01.2010 - 09:58
Haha, jo, meng Wieder bigsmile
MarcGerard 19.01.2010 - 23:52

wierklech cool !
all photogen-treff as erem op en neit gudd!
smile
Jeanny 20.01.2010 - 09:36
Duerch gesondheetlech Probleme konnt ech net kommen,
et muss ganz flott gewierscht sinn,
kann e jo nach emmer laanscht kucke kommen?
Knipser 20.01.2010 - 23:19
Konnt leider net kommen, dofier grousse merci un de Val an déi aner déi hei Fotoen gemach hun , esou konnt een awer deen flotten Studio gesin. Op desem Wee dem Fotosklub vill Erfolleg gewënscht.
TomEwert 21.01.2010 - 02:44
top geschier jongen. ass super dass dir den useren von photogen daat ubidd. ierch alleguerten vill spass an den neien reimlechkeeten, gudd luucht an en decken merci un déi zoustaenneg leit.