Header
Studio Erëffnung
(11.01.2010 - 10:01)


Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.

Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.

Hei ass nach de Link op eng Kaart wou Der gesidd wou eise Sall ass: http://club.photogen.lu/clubsall.php

Hoffentlech bis en Sonnden dann.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 11.01.2010 - 10:47
Woop woop! So, gin déi Detailer wéi een de Sall lount dono och entzwouch opgeschriwwe fir déi wou net komme kënnen?
Vill Spaass all denen déi dobäi kënne sin bigsmile
Johny 11.01.2010 - 10:48
Kënnt natirlech, mee duerno smile
donpoli 11.01.2010 - 11:36
Scheeenial bigsmile
BlackPanther 11.01.2010 - 14:39
yeah!hoffen dLait sin all agelueden an den Dr.Pepper lait kaal! tongue

wei Gloda seet: Vill Spaass all denen déi dobäi kënne sin! smile
Baba 11.01.2010 - 14:59
Juhu. Ech freen mech schon.
Metalbambi 11.01.2010 - 17:12
Ech sin derbai! smile
dr_kim_veis 11.01.2010 - 17:13
congrats! an sin gespaant op vill flott fotoen... closed_eye
david 11.01.2010 - 17:20
Flottflott... Ech si mat dobei! Freet mechsmile
Val 11.01.2010 - 21:46
Ech de Boooop Val sinn och do
Kwitchibo 12.01.2010 - 00:21
smile top ween net do as as selwer schold
pan_or_ama 12.01.2010 - 18:30
merci fir d'Erenneren smile mache méi bëscht fir do ze sin
Jeanny 12.01.2010 - 07:13
wann et klappt,( Wierder) smile) kommen ech firwetzen
ApplEric 13.01.2010 - 12:59
Oh, wirr gär bis laanscht komm, ma sen awer zu Kaiserslautern an muss schaffen...
Schued. Wënschen ierch awer all vill Spaß! closed_eye
ImKa 13.01.2010 - 15:47
Ech kommen warscheinlech bis luusen smile
Pelz 13.01.2010 - 20:11
Mol kucken ob ech t'Kéier kreien fier laanscht ze kommen closed_eye
Michel 16.01.2010 - 14:22
Ech wärt och dosin! smile