Header
Canon EF 70-200mm 1:2,8L IS II USM
(05.01.2010 - 18:49)
Canon huet haut den Nofolger vum sou beléiften EF 70-200 f/2.8 IS bruecht, d Versioun II. An dat ganzt zum Schnäppchen vun 2399€:

http://www.canon.de/About_Us/Press_Centre/Press_Re...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
klex 05.01.2010 - 18:53
gesäit jo aus wi den aalen nee?
gloda 05.01.2010 - 19:23
Den Fokusrank as méi déck gin. Se hun och eng nei Sonneblend erausbruecht. Ech mengen all déi nei Objektiver kréien do en neien System.
klex 05.01.2010 - 19:43
nach mei déck? hu font dat den aale modell schon immens déck wuar :/
verglach mat der aaler Versioun vum Nikon. An di nei ass nach mei schlank... Do sin se wuel a verschidde Richtungen d'Marken
gloda 05.01.2010 - 20:08
Also domat mengen ech den Gummi un deem een dréint; deen huet lo méi Grëff-Fläch. Den Duerchmiesser vum Ojektiv huet souwäit ech dat gesin net geännert.
klex 05.01.2010 - 20:19
ah, méi breed ka nie schueden smile
arwa 06.01.2010 - 07:54
Fotoën:
nei

aal
arwa 05.01.2010 - 19:08
gesinn sou och kéen Ënnerschéed

- - mit 23 Linsen in 19 Gliedern optimierte Aufbau
- - Das schnelle Autofokus-(AF-)System

..... Das neue Objektiv verwendet einen Ring-USM (Ultraschallmotor), der zusammen mit der neuen schnellen CPU und dem optimierten AF-Algorithmus die automatische Scharfstellung noch schneller und geräuscharmer gestaltet.

- - Reduzierung der Naheinstellgrenze auf zirka 1,2 Meter

- - optimierte Bildstabilisierung

- - Optimierte Konstruktion, optimierter Komfort

asw.............

btw. ech kennen éen, dée war de Metten einfach sou bei de Mirgain, do louch eng 1Dmk4 fir 4.200 an der Fenster.................. 5 Minuten drop nët mei smile
- - - - née, ëch war haut nët an der Staat !
gloda 05.01.2010 - 19:23
Ah hei an Däitschland wëssen se schon e Präis? An den US soten se nach näischt. Ech hat mäin (Versioun I) fir 1900 oder 1800 nei kritt, mee do haten se eng vun hieren Cashback Offerten um lafen.

D'Reduktioun vun der minimaler Fokusdistanz as schon net schlecht. Déi 20cm maachen bei Leit déi sou grouss sin wéi ech den Ënnescheed op een eppes dat firun engem um Biedem läit kann fotograféieren oder net closed_eye

1 Stop méi beim IS as cool. Nei Lënselementer... do muss een dann d'Tester kucken fir ze gesin wat et bruecht huet. Dass nach Spilles mat der Schärft do as gesäit een well wann een den IS mat der aler net-IS Versioun vergläicht.
the_zipper 07.01.2010 - 10:31
Mei,

Lo hun ech jo rem eng aal Schank smile Trotzdem hun ech daat Objektiv weiderhin gär den eischten modell ass einfach super, just weinst deenen 20cm souvill mei ze bezuelen... wees jo net.
Ka mer virstellen dass den Occasiounspreis vun deem Aalen lo zimlech fällt.
Fennec 07.01.2010 - 16:22
Hallo,

klengen groussen Ennerscheed as awer schon dobei, den IS get elo 4 Blenden weider, bei dem alen sin et der knapps 3 gewiecht.
Deemno wat's de mechs as et net schlecht.
cu
the_zipper 07.01.2010 - 22:40
Jo ok, daat ass gudd, mee bon deen aner war deier genuch vir lo ze wiesselen tongue muss dee mol amortiseieren.