Header
Onstëmmegkeeten beim läschte Konkuer
(07.10.2009 - 00:32)
Muencher ee vun iech wärt sech vläicht froen wou d' Foto hin ass déi hien gewielt huet, beim aktuelle Konkuer "Gezielten Onschärft". De Problem war deen dass muench Fotoen drann waren, déi net der Beschreiwung vum Konkuer nokomm sinn: Et war beschriwwen "onschaarf Foto", soudass wirklech eigentlech alles sollt onschaarf sinn (oder bal 100%), et waren awer vill Fotoen déi nach e groussen Deel Schaarf haten an just en Objet mat Bewegungsonschärft dran haten, oder wou den Hannergrond einfach onschaarf war. Dës Fotoen hu mer mussen eraus huelen, well et onfair gewiecht wir vis-à-vis vun deenen déi et sou ëmgesat hun wéi et sollt.

Et ass och kloer dass elo vill Leit dat net immens fannen, dass dat sou kuerz viru Schluss vun der Ofstëmmung geschitt ass amplaz direkt um Ufank, dofir wëll ech hei d'Erklärung dofir ofginn: Wou d' Ofstëmmung ugaangen ass, waren 2 vun 3 Admins am Ausland (Lydie an Johny), 5 Deeg an dat ouni Internet. Mir décidéieren awer esou Saachen net alleng, dofir konnt deen 3. (yoshi) guer net éischter handelen, bis mer erëm komplett waren. Dofir konnten déi Fotoen eréischt gëschter Owend eraus geholl ginn.

Mir wëssen dass dat net eng ganz glécklech Situatioun war, an mir verstinn och déi Leit déi lo enttäuscht oder rosen sinn dass hier Foto eraus geholl ginn ass, mir entschëllegen heimat fir dat ganzt wéi alles gaangen ass.
Et wärt ausserdem keng Eiwegkeet daueren bis den nächsten Konkuer ugeet, an mer hoffen, dass déi dann do erëm all wärten mat derbäi sinn, et gëtt och erëm dat selwecht ze gewannen (3 x 60*40cm Print vun enger Foto).
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
xaph32 07.10.2009 - 08:44
soulaang dat seriös an transparent gehandhabt gët (an dat schingt jo definitif sou geschitt ze sin) hun ech domatter ke problem closed_eye
Focus 07.10.2009 - 09:56
Ech sin jo och schons oft genuch disqualifizéiert gin wäll et net genau dem Thema entsprach huet. - Korrekt!
Gaga 07.10.2009 - 11:22
jo, t'décisioun wor bereschtegt !
PS : lo wou dei eichten keier en klengen malentendue wor, fällt mer op dat een bei den konkuren dei eriwer sin, net mei t'beschreiwung gesait, also t'explicatioun zum concours, daat as schuet well et schon interessant wier daat nodreiglech kennen ze liesen wann een kuckt waat derbai erauskomm as !
also daat as elo eng ganz allgemeng remarque !


Merci
Jean-Jos 07.10.2009 - 19:44
Ouni iwwer d'Biller, déi erausgeholl goufen, ze jugéieren, wëll ech jhust soen, datt Transparenz wichtég ass an dofir fannen ech dëse Message gutt.
n0kle 08.10.2009 - 12:34
also daat waat ech na net verstinn as, wisou dOofstemmt freigeschalt gouf wann 2 vun 3 admins net do waren? Daat geet sou weit ech daat bis elo matkritt hun jo eh net ganz automateg? Oder ieren mech do?

An wann et dach automatesch geet, wier et vleit eng idee, den automatismus auszebauen, an et ereicht freizeschalten wann alles geklärt as?

just meng meenung closed_eye
Johny 08.10.2009 - 13:12
Dat geet alles automatesch, dat eenzegt wat manuell gemaach gëtt bei de Konkueren, ass herno d'Fräischaltung vum Resultat.
Wann dat herno puer Deeg dauert bis d'Leit kënnen ofstëmmen gëtt do och erëm keen eens an weess net wisou d'Ofstëmmung net ugeet, dat wär immens konfus fir d' Leit géing ech mol soen.
SuJo 09.10.2009 - 18:24
Hm, sin zwar elo nët betraff, datt eng Foto dei ech gewielt hun nët mei do ass, sin awer trotzdem der Meehnung, datt dann wann schon esou e Problem obgetaucht ass, eng nei Oofstemmung misst gemaat gin.

Hun nach just nët richteg verstaanen, weisou se eigendlech zougeloss gin sin zum Konkuer. Ausser si gin automatesch am Ufank zougeloos.?

Johny 09.10.2009 - 22:05
Wéi ech an der Äntwert op den n0kle säi Kommentar geschriwwen hunn:

"Dat geet alles automatesch, dat eenzegt wat manuell gemaach gëtt bei de Konkueren, ass herno d'Fräischaltung vum Resultat."
patrickr 10.10.2009 - 19:44
(geläscht)
Johny 10.10.2009 - 21:16
Et muss ee bëssen méi wäit kucken wéi just alleng den Titel: An der Beschreiwung stung et soll eng onschaarf Foto sinn, an wann een eng Foto mecht mat engem Objet an den HG ass onschaarf z.B., ass dat sécher net eng onschaarf Foto. An et stung explizit do et soll eben net eng Foto si wou een Deel onschaarf ass an en aneren awer schaarf.