Header
Canon 7D, an dräi nei Objektiver
(01.09.2009 - 09:37)
Gëscht schonn ass d'Pressemitteilung rondrem gaang am Internet, haut ass et offiziell: Canon bréngt eng 7D wat e Modell tëscht der 50D an der 5D MII duerstellt, mat APS-C Sensor (also kee Vollformat)
Hei hier Kommunikatioun:
http://www.canon.de/About_Us/Press_Centre/Press_Re...
An hei déi technesch Daten:
http://www.canon.de/Images/EOS%207D_Technische%20D...

Dann kommen awer och nach dräi nei Objektiver, EF 100mm 1:2,8L Makro IS USM, EF-S 18-135 mm 1:3,5-5,6 I, EF-S 15-85 mm 1:3,5-5,6 IS USM. Detailer zu dësen fënnt een hei: http://www.canon.de/About_Us/Press_Centre/Press_Re... an hei: http://www.canon.de/About_Us/Press_Centre/Press_Re...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 01.09.2009 - 11:55
De Macro geet op d'Wonschlëscht smile
BlackPanther 02.09.2009 - 01:29
bigsmile
gloda 01.09.2009 - 13:17
Vläit nach méi en interessanten Link, e Review vum Rob Galbraith dee schon mat enger Beta duerft spillen:
http://www.robgalbraith.com/bins/multi_page.asp?ci...
BlackPanther 01.09.2009 - 14:12
argh!sen joh mol richtech intressatn News daat dooten!just ech haat mol nees nik genuch GEDOLD...dei 7D klengt wierklech intressant, firunallem dei geschicht mat den Speedlites.....
mol kukn waat Tester soen....ain Budget as lo suwisus alle....cool
Olivier 01.09.2009 - 15:35
Hmm... kann een mer erklaeren, fierwaat 7D 8 biller an der sek maan kann, an 5D knapps 4'?

Ech froen, well, ech grad fier 5D spueren, an lo kennt 7D...

Waat huet elo 5D, waat 7D net huet? Gut, iso an pixel wessen mer jo... mee, what else?
gloda 01.09.2009 - 16:52
Weathersealing, Full-Frame, méi geréng Pixeldensitéit um Sensor si puer Saachen déi mer lo an de Sënn kommen.
Den Full-Frame an d'Gréisst vun de Fichier'en sin zwee vun de Grënn firwat d'5DMkII keng 8fps huet. 't as souwisou keng Sportkamera wat dat ubelangt.
Johny 01.09.2009 - 22:41
Se huet Vollformat, fäerdeg smile Ech fannen, entweder wëll ee Vollformat oder APS-C, do kann ee sech dann och net vun enger 7D oflenke loossen. Also ech op alle Fall net. Et brauch emmer nach keen normalen User souvill Megapixel, an 8fps ass fir déi allermeescht och just en nice-to-have. Ech perséinlech hätt léiwer eng al 5D wéi eng 7D.
Schlimpitz 08.09.2009 - 14:51
"Hmm... kann een mer erklaeren, fierwaat 7D 8 biller an der sek maan kann, an 5D knapps 4'?"

Vergleich et mat engem auto

D7 = Porsche
D5 = Bentley

Am Porsche bass de mei schnell mee am Bentley setzt de mat secherheet besser dran smile

Daat sinn 2 verschieden kameraen deis de an sech net mat en een kanns vergleichen.
Olivier 14.09.2009 - 00:32
Bentley as besen mei schnell fier porsche closed_eye
Geko 04.09.2009 - 15:15
Ech si frou, dat Canon offensichtlich den APS-C am Profi-Beräich nët ofgeschriwwen huet, wat mat dem ganzen Vollformat-Hype déi läscht Zäit ze fäerte war.

Sou kommen vläicht nach e puer richtig gudd EF-S Objektiver raus...
Schlimpitz 08.09.2009 - 14:28
FIR DEI LEIT DEI UN ENGER 7D INTERESSEIERT SINN AN SE WELLEN TESTEN :
Ok, ass bessen weit, mee nach emmer mei no wei op IFA ze fueren tongue

*Sehr geehrte Kundinnen und Kunden*
*von*
*AUDIOPHIL - FOTO*


*Am
Samstag, den
19. September 2009
von 10:00 - 16:00 Uhr
ist es so weit:


Die Profis von CANON kommen wieder in unser Haus !!!

cps

Mit dabei sind die IFA-Neuheiten:
ifa

CANON EOS 7 D
*
*
CANON EF-S 15-85mm IS USM
+
CANON EF-S 18-135 IS USM
**canon*
*CANON EF 100mm/2,8 L IS USM Macro
100

************

CHECK & CLEAN

professionelle
SENSORREINIGUNG
*
*für nur*
*¤ 15,00*

*Der Erlös durch die Reinigungen wird einem wohltätigen Zweck gespendet !!!*


*Wir freuen uns auf Ihren Besuch.

Mit freundlichen Grüßen*


*i.A. Stephan Gast*

--
Audiophil-Foto GmbH
Annuntiatenbach 30
52062 Aachen