Header
De Gewënner vun eisem Photowalk steet fest
(02.08.2009 - 01:12)
D' Foto déi ech eraus gesicht hun als Gewënner vum Photowalk, hunn ech och schonn erop gelueden op hiere Site, an zwar ass et folgend Foto:

Red stripe(s) 2


Gratulatioun No_Saint, d' Buch vum Scott Kelby hues de scho mol sécher gewonn, an du basss mat dëser Foto deel un der weltwäiter Selektioun wou herno och nach Präisser verdeelt ginn :) Dës ginn de 17. August verëffentlecht.

All Fotoen déi era geschéckt goufen fir de Photowalk sinn hei ze gesinn, ganz ënnen op der Säit:
http://worldwidephotowalk.com/luxembourg-city---pl...

Nach vill Fotoen vun villen aneren Photowalks, kann een hei op Flickr kucken:
http://www.flickr.com/groups/skphoto/

An typesch Meetingfotoen vum Photowalk sinn och nach bäikomm:
http://www.photogen.lu/?page=view_meetingpics&...


Vill Spaass Ierch nach all op Photogen an beim Kucke vun de Photowalk-fotoen, hoffentlech sidd der nächst Joer och erëm all derbäi.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 02.08.2009 - 11:03
Gratualtiounen, wierklech eng Foto déi aus der Mass erausstung.
Baba 02.08.2009 - 11:35
Herzlechen Gleckwonsch No_Saint an ech drecken dier beid Daumen fier den weltwäiten Contest closed_eye
No_Saint 02.08.2009 - 17:33
Wow, Tip Top.
Daat freed mëch.
Merci Johny, Merci Baba, a Gloda.
Et wier jo flott wann daat um internatioanle Parkett esou ging virugoën, an d'Welt ging feststellen datt mer nët nëmme gudd Cyclisten hei zu Lëtzebuerg hunn.
Bon, bis de 17.August kann Ech jo nach ë bëssen dreemen.
Nach vlaicht eng kleng Ureegung fir d'nächst Joër:
Wann e puer vun eise Photoclib ë Spazéiergang (walk) gingen organiséireren, wiere mer och an der Finall zu méi vertrueden an eis Gewënnchancen domatt méi grouss !!
Johny 02.08.2009 - 17:37
Ech hat dat ganz un d' FLPA geschéckt, do huet kee sech interesséiert gewisen...