Header
D' Fotoen vum Photowalk sinn online
(31.07.2009 - 15:57)
Hei sinn Fotoen vum Photowalk, net just déi 2 vun all Fotograf déi en eraus gesicht huet, mee anerer nach vun "ronderem" déi sou gemaach gi sinn:
http://photowalk2009.photogen.lu

Wen nach Fotoen huet, einfach op johny@photogen.lu schécken, dann setzen ech se bäi.

E Sonnden gëtt de Gewënner bekannt ginn vum Photowalk hei zu Lëtzebuerg, deen dann dem Scott Kelby säin neist Buch gewonn huet, an an der weltwäiter Selektioun ass wou herno och nach richteg déck Präisser vergi ginn.

Ech wollt awer nach merci soen un all déi déi do waren :)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
yoshi 31.07.2009 - 16:29
Do sinn jo e puer richteg cool Fotoen eraus komm smile
Jean-Jos 31.07.2009 - 18:58
Merci Johny, flott dat doten ... awer wou ass d'Gruppefoto ?
Bei daerer Unzuel u Photogenisten, dei mat waren, keinten zwar nach e puer Biller mei drop sin sceptical

Johny 31.07.2009 - 19:11
Jo et hu mer net ganz vill Leit Fotoen era geschéckt vum Photowalk allgemeng, sinn awer grad nach amgaang meng eegen erop ze lueden, durno sinn et der puer méi. Inklusiv dem kola senger Gruppefoto smile
Jean-Jos 31.07.2009 - 20:00
tip-top, dat do ass scho vill besser smile