Header
Weiderklicken mat de Feiltasten
(14.06.2009 - 13:18)
Wann een eng Foto kuckt an et kritt een déi nächst an/oder déi virdrun och direkt ugewisen, kann ee vun elo un sech do weiderklicken mat den Feiler no riets an no lénks, et muss een net mat der Mäus op d' Foto goen. Dat ass geduecht fir wann een einfach wëll d' Fotoen der Rei no kucken, gemitlech, sou brauch een d' Mäus net méi an et geet méi einfach a méi séier.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Metalbambi 14.06.2009 - 13:29
Aaah... Endlech! bigsmile
Johny 14.06.2009 - 14:41
Wat heescht hei endlech ... Do huet mol ni een duerno gefrot tongue
Olivier 14.06.2009 - 15:03
dach unhappy

As awer super bigsmile
Johny 14.06.2009 - 15:08
Also bei mir huet ni een duerno gefrot, an dat ass dat wat zielt. Ech hun et just gemaach well ech mech sou duerch aner Galerien klicken an dat flott fonnt hunn bigsmile
Olivier 14.06.2009 - 15:37
haha smile
coolpix 14.06.2009 - 22:00
klappt net bei mir am firefox 3.0.11 an io, hunn cache etc. eidel gemaach
Fesch 14.06.2009 - 22:44
Bei mir klappt et och net mam Firefox 3.0.11, mee mam Safari ass awer kee Problem.
Johny 15.06.2009 - 00:12
Javascript den vum FF anescht interpretéiert gëtt wéi vum Safari ... kënnt seelen fier, well do meeschtens alles funktionéiert hat ech do net getest, hun et awer lo liicht geännert an klappt lo och am Firefox
Jeanny 15.06.2009 - 06:11
daat klappt jo wonnerbar. Merci
Ochiniwa 15.06.2009 - 08:21
daat funktioneiert bei mier awer net... hun de Firefox 3.0.11


oops, dach elo klappt et!

Merci
Neckel 15.06.2009 - 10:07
Fannen ech kuhl ! Just een Problem : wanns de am gaangen bass een Comment ze schreiwen an du benotz grad deng Feiltasten fir hin an hier ze goen sprengt den Browser bei di nächst Foto.
Johny 15.06.2009 - 10:13
LOL ok witzeg bigsmile Do bauen ech dann nach eng Spär an den Owend.
rom 15.06.2009 - 11:49
Tip top, merci!
Johny 15.06.2009 - 21:58
Sou ass gefixt smile
Neckel 16.06.2009 - 11:45
closed_eye
Ochiniwa 16.06.2009 - 19:31
Et wier och praktesch wann dei Funktion geif funktioneieren wann een am grous-modus ass, dh wann een op eng Photo geklickt huet an en separate Tab ass op.

Oder och wann een engem seng Galerie duerschstöbert...
Johny 16.06.2009 - 21:39
Am groussen soll een am fong nëmmen eng Foto gesinn, net gestéiert gi vun aneren smile Well do och wou se opgeet, dat geet genee tselwecht op egal wou ee grad drunn ass, Usergalerie, neist Fotoen, oder eng Kategorie.

An der Usergalerie do geet et net wéinst deene verschiddene Sortéirungen, alles ausser Neist do kënnen Gläichstänn vu méi wéi 2 Fotoen souguer sinn, an dann gëtt de System net méi eens wéieng déi nächst ass, an wéieng déi virdrun.
Ochiniwa 16.06.2009 - 23:37
schued smile
Fesch 19.06.2009 - 11:18
---( PROBLEM )---

Wann ech e Kommentar ennert enger Photo editéieren, an do am Text mat de Pfeiltasten wellt well de Cursor bewegen, dann kennt och automatesch déi nächste oder virrescht Photo.

=> Ech denken datt dat net esou sollt sinn ....
Johny 19.06.2009 - 11:40
Ahjo beim Editéieren muss ech déi Spär och nach abauen, stëmmt. Beim Kommentar schreiwen an äntweren hat ech et scho gemaach, Edit kënnt dann den Owend no smile Merci