Header
Problem mat der Foto vun der Woch
(31.05.2009 - 22:03)
Duerch en techneschen Problem sinn déi aktuell Fotoen déi zur Wiel stungen fir Foto vun der Woch ze ginn schonn geläscht ginn, wat normalerweis réischt soll geschéien no 12 Auer Sonndes Owes. Vu dass et elo keng séier Méiglechkeet gëtt déi erëm ze kréien déi all do drann waren, setzen ech elo schonn déi Foto als Foto vun der Woch an, déi bis kuerz virum läschen déi meescht Stëmmen hat (9 Stéck par rapport zu 6 Stëmmen fir déi Foto durno).

Tschëllegt fir den Tëschefall, hoffe mer et kënnt net méi fir.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Gaga 31.05.2009 - 22:05
hmmm, ech wor fier 5 sec drop als foto fun der woch !!! sin ech et nach emmer ?
Johny 31.05.2009 - 22:06
Jojo ech hun deng manuell mussen asetzen, dofir kuerz do an dun rem net, ass awer lo definitiv drann, an definitiv Foto vun der Woch. Déi 2 Stonnen déi nach ze stëmme waren, hätten souwisou wuel näicht méi geännert smile
BlackPanther 31.05.2009 - 22:31
ergh....f*ck the system? closed_eye

war awa spannend hun ech font...kruut mech nik op anhieb dessideiert....an hun net den Kach gewielt...cool
Maimonides 31.05.2009 - 22:38
Dat ass net schlemm.
Kann emmer mol passeieren.

Wann awer di 1. Foto (dunn)
nemmen 9 Stemmen haat,
dann ass den "interet general"
un der "Foto vun der Woch" awer net terriiibel.
An dat ass awer ganz schued....
marischen 31.05.2009 - 22:56
Et ka jo sin dass d'Stemmen relativ gleichméisseg verdeelt waren? Ech hu fonnt dass zimlech vill gudd Fotoen dabei waren.
Johny 07.06.2009 - 17:10
Am ganzen sinn et ëm déi 50 Stëmmen. An engem eenzegen Dag, 50 Leit déi ofstëmmen fir soueng wiel, ass e ganz gudde Wärt wéi ech fannen smile
Kwitchibo 31.05.2009 - 22:49
Tjo....
Jeanny 01.06.2009 - 07:00
ka virkommen, net schlemm
NikonD80 01.06.2009 - 16:45
du bas entschellegt.....