Header
Nei kleng Konkuer Erweiderung an aneres
(24.05.2009 - 05:41)
Ab elo gesäit een op engem senger Usersäit och déi läscht Fotoen déi bei Konkueren eng vun den Top3 Plazen gemaach hunn, mat direktem Link op de ganze Konkuer.

Äusserdeem gi lo bei de Konkueren d'Fotoen mat den éischten 3 Plazen och als déi gekennzeechent, well anscheinend war dat net direkt ëmmer offensichtlech fir Leit déi net grad 24/7 op Photogen hänken ;)

Dann sinn och nach puer kleng Saache verbessert, z.B. war de Problem dass heinsto an enger URL en Smiley agesat ginn ass, dat geschitt net méi, Membersich hat puer kleng Feeler wann een ze séier getippt huet asw ...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 24.05.2009 - 09:27
Woop Woop. Lo fehlt just nach en Link vun hei aus zréck op d'Portal tongue
Metalbambi 24.05.2009 - 11:32
Browser sou astellen daat en den Newsblog an engem neien Tab obmecht. tongue
Johny 24.05.2009 - 13:21
Done, Chef bigsmile
gloda 24.05.2009 - 14:25
Du bas mäin Held.
BlackPanther 24.05.2009 - 11:50
hrrrrhrrr wien henkt dann hai 24op7 um Site ronderem?? bigsmile
dei Updates do sen tiptop!waren just Klengeschkeeten mee gudd dass se lo funktionneiren closed_eye
rock on + thanks smile