Header
Sony bidd A230, A330 an A380 un
(23.05.2009 - 13:47)
Zwar bëssen spéit, mee léiwer spéit wéi ni, schreiwen mer dann hei dass Sony 3 nei Modelle vun DSLR'en firgestallt huet. Wéi gewinnt bei Sony hu se den Bildstabilisator mat agebaut am Body, bei deenen 3 Apparater. A230, A330 schaffe mat 10.2 Megapixel, an A380 huet der 14.2. Se hun allen dräi en 9-Punkt Autofokus, ISO vun 100 bis 3200, en 2.7" TFT LCD. Liveview hunn just A330 an A380, an se maachen bis zu 2.5 Biller pro Sekonn. Bei deenen selwechten zwee Apparater, A330 an A380, léisst sech äusserdeem den écran eräus klappen.

Méi Informatiounen op DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0905/09051804sonyalph...

an bei Sony selwer:
http://www.sony.de/hub/dslr/block/2/subblock/1
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 23.05.2009 - 18:37
Um Sony Site hun se sou een animéierten Bildschirm (ënner Herausragend Benutzerfreundlich) deen weisen soll wéi den Fotoapparat Blend an Beliichtungszäit méi liicht verständlech mecht. Kuckt emol hiert Beispill vum Jong op der Plage. Dat muss zwar en gäilen Fotoapparat sin bei deems de eng Foto mat 1/250 f22 an dann mat 1/250 f1.4 mechs an zweemol déi selwecht Beliichtung dobäi rauskënnt. Dat wëll ech och hun.
Neckel 24.05.2009 - 00:05
Hrhr, gutt gesin smile

Sen gespaant wei dei "nei" 700er ausgeseit. Well vill hun se an der Technik net "verbessert" ...
pol9000 29.05.2009 - 17:35
een 8 blenden ND filter closed_eye
oder den ennerscheed teschend iso100 an iso25k

Ech verstin just déi fanboy-marken diskussioun net... zimmlech peinlech daat....

deen eenzegen Feeler deen dSonyen hun ass Rauschen ab iso800...
Poly 23.05.2009 - 22:42
Ech muss zwuar soen ech hat virdrun eng Minolta, déi duerno vu Sony iwerholl ginn ass, an dat mer haut nach Led dat ech se nët méi hunn, zemols déi sach mam ausklappbaren ecran, an ebenfalls eropklapbaren viewer, dat wuar eng supersaach déi ech elo béi menger vermëssen
patrickr 26.05.2009 - 13:47
(geläscht)
Johny 26.05.2009 - 13:49
Tjo, wat erwaarts de vun engem Elektrokonzern closed_eye
klickklack 27.05.2009 - 09:31
jo si sinn e wéineg anescht déi vun sony (ex minolta). ech sinn der marque trei bliwwen, an et deet mer net leed. ech hun niewend der gudder aler minolta 7000 elo d'a350 mat batterie-grip, an sinn deck zefridden domat. bon et ass keen absolut profi material, mä et kann een wonnerbar domat schaffen wann een virdeeler vun der sony erkennt, wéi zb den klappécran mam liveview. als plus bezeechnen ech och datt et d'sony apparater an esouvill varianten gëtt, well dann den insider genau wielen kann wat en brauch. virum kaaf hun ech och anerer (C&N) getest, awer meng entscheedung war eben a350. ech bewerten "typesch sony" (waat jo eigentlech eng fortsetzung vun "minolta typicals" ass) als e staarkt steck kamera!