Header
Photogen an Internet Explorer
(02.05.2009 - 04:45)
Et waren e puer Saachen déi am internet Explorer net richteg gaangen sinn (well Microsoft sech net un vill Standards gehal huet). Betraff waren IE 7 an IE 6. Déi déi schonn Internet Explorer 8 installéiert haten, dieften kee Problem gehat hunn.

Op allefall sinn déi Problemer déi mir bekannt waren lo mol all gefixt, bis op vläicht puer eenzel optësch Klengegkeeten, mee z.B. konnt een eng Foto net als Favorit bäisetzen, keng PN schécken asw. Dat klappt alles elo. Wann der nach sollt Feeler fannen, einfach Bescheed soen.

An deem aktuellen Windows-Update misst IE 8 mat drann sinn, an deem dieft alles e bëssen méi propper lafen well do Microsoft sech dru ginn huet sech un Standards ze halen. Erof ze lueden kritt een dësen hei: http://www.microsoft.com/windows/Internet-explorer...


Nach eng Klengegkeet: Am RSS News Feed gëtt en Preview Text mat ugewisen an net just nëmmen méi den Titel.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Miau 02.05.2009 - 09:18
Merci Johny, daat huet mei Problem nobei gelösst; meng Bewärtungen gin leider nit registreiert, "Erreur sur la page" has elo zwar fort a wann ech op "Bewärtung spaicheren" klicken kreien ech och merci gesot dobei bleibt es awer. Nevertheless, FELICITATIOUN fir all deng formidabel Arbecht a MERCI fir den super Site "smile" "smile"
Johny 02.05.2009 - 12:41
Deng Bewärtunge si gespäichert ginn, hun grad an der Datenbank nogekuckt smile (D'Note vun der Foto gëtt just net direkt nei gelueden, déi ass no engem Reload awer up 2 date)

Dat einfachst ass awer fir alle Problemer aus dem Wee ze goen: Windows update uwerfen an IE8 mat installéiere loossen closed_eye
Miau 02.05.2009 - 16:18
IE8 = schon geschitt , "bigsmile"
BlackPanther 02.05.2009 - 12:03
wien huet schons IE... hehehe bigsmile